Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Virwërf géint d'UN-Hëllefswierk UNRWA - Kritik un eventueller Buedemoffensiv zu Rafah

Noen Osten

Nei Virwërf géint d'UN-Hëllefswierk UNRWA - Kritik un eventueller Buedemoffensiv zu Rafah

Israel huet nees ganz hefteg Virwërf géint d’UN-Palästinenser-Hellefswierk UNRWA gemaach. Ënnert dem Haaptquartéier vun där Agencce an der Gazasträif wier een Tunnel entdeckt ginn, deen Israel no der islamistescher Hamasbeweegung als Datenzentral fir de militäresche Geheimdéngscht gedéngt hätt.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib

De Chef vun där Agence, de Philippe Lazzarini, huet reagéiert an erkläert, datt d’Gebai schonn um Ufank vun der israeelescher Offensive geraumt gi wier. Et hätt een näischt iwwer een Tunnel ënnert dem Gebai gewosst.

Wäert et eng israeelesch Buedemoffensiv am Secteur vu Rafah an der Gazasträif ginn?

Nach ass et net kloer. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet allerdéngs wësse gedoen, datt ee securiséierte Passage géif agesat ginn, fir datt d’Zivilpopulatioun ka flüchten.

Zu Rafah am Süde vun der Gazasträif sinn aktuell 1,4 Millioune Mënschen. D’Hallschent dovunner ware schonn deplacéiert gi wéinst den israeeleschen Attacken op Gaza City an op Chan Younis. Déi humanitär Situatioun ass do ganz prekär.

Den EU-Diplomatie-Chef Josep Borrell huet gewarnt, eng Offensiv op Rafah géif eng onbeschreiflech humanitär Katastroph ausléisen. D’USA hu schonn annoncéiert, datt se eng Buedemoffensiv zu Rafah net géifen ënnerstëtzen. Ouni reell Virbereedung géif esou eng Interventioun een Desaster ausléisen.