De Chef vun där Agence, de Philippe Lazzarini, huet reagéiert an erkläert, datt d’Gebai schonn um Ufank vun der israeelescher Offensive geraumt gi wier. Et hätt een näischt iwwer een Tunnel ënnert dem Gebai gewosst.
Wäert et eng israeelesch Buedemoffensiv am Secteur vu Rafah an der Gazasträif ginn?
Nach ass et net kloer. Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet allerdéngs wësse gedoen, datt ee securiséierte Passage géif agesat ginn, fir datt d’Zivilpopulatioun ka flüchten.
Zu Rafah am Süde vun der Gazasträif sinn aktuell 1,4 Millioune Mënschen. D’Hallschent dovunner ware schonn deplacéiert gi wéinst den israeeleschen Attacken op Gaza City an op Chan Younis. Déi humanitär Situatioun ass do ganz prekär.
Den EU-Diplomatie-Chef Josep Borrell huet gewarnt, eng Offensiv op Rafah géif eng onbeschreiflech humanitär Katastroph ausléisen. D’USA hu schonn annoncéiert, datt se eng Buedemoffensiv zu Rafah net géifen ënnerstëtzen. Ouni reell Virbereedung géif esou eng Interventioun een Desaster ausléisen.