Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Griichenland freet EU ëm Hëllef

Wéinst grousse Bëschbränn

Griichenland freet EU ëm Hëllef

Et musse weider Stied an der Géigend vun Athen evakuéiert ginn. De Brand kënnt der Haaptstad trotz Asätz vun de Pompjeeën ëmmer méi no. Op Demande vun Athen, huet Bréissel ugekënnegt fir zousätzlech Pompjeeën aus 4 EU-Staaten a Griichenland ze schécken.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Beschbränn a Griicheland | © picture alliance play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Socrates Baltagiannis

An der Nuecht vun e Sonnden ob e Méinde, sinn a Griicheland, an der Géigend vun Athen groussflächeg Bëschfeier ausgebrach. Se betreffen den Ament eng Fläch vun 200 Quadrat-Kilometer. Dausende Leit hu bis ewell aus der Géigend nordëstlech vun Athen missten evakuéiert ginn, ënner anerem Deeler vun noe Viruerter an déi ganz Stad Marathon mat senge 7.000 Awunner. Zwee Spideeler, eng Pediatrie an ee militärescht Spidol si geraumt ginn a Patientinnen a Patiente goufen a Stied ronderëm a Sécherheet bruecht. Am Norde vun Athen, hunn déi griichesch Autoritéiten den olympesche Stadion OAKA opgemaach, fir déi dausende Leit opzehuelen, déi sech wéinst dem Feier deplacéiere mussen.

25 Meter héisch Flamen

Bis well ass et de lokale Sécherheetskräften nach net gelongen, d‘Feier vun enger 30 Kilometer laanger Front, an de Grëff ze kréien. De Brand, mat Flame vu 25 Meter Héischt, beweegt sech ëmmer méi op Athen zou an den Damp iwwerdeckt ewell Deeler vum Himmel iwwert der Haaptstad. Wéinst staarkem Wand vun iwwer 50 km/h an enger konstanter Hëtzt vu bis zu 39 Grad, steet Griicheland, trotz Honnerte Pompjeeën an Honnerte Gefierer virun engem groussen Defi. Dofir huet Griicheland d’EU ëm Hëllef gefrot. Bis well hu véier Länner: Frankräich, Italien, Rumänien an Tschechien zougesot fir zousätzlech Pompjeeën an d’Regioun ze schécken.

Et misst een sech op weider Bëschbränn virbereeden

De griichesche Minister fir Klimakris an Zivilschutz Vassilis Kikilias hat e Samschden annoncéiert, dat extrem héisch Temperaturen a staarke Wand bis Mëtt August ze erwaarde wieren. De Minister huet en Urgence gefuerdert, datt zesumme mat der Arméi, de Pompjeeën, der Police a lokale Politiker, Sécherheetsmoossname getraff solle ginn, fir sech ob eventuell Bränn virzebereeden.

Dëst Joer ass Griicheland besonnesch ufälleg fir Bëschbränn. D’Méint Juni a Juli waren déi wäermst zanter Ufank vun den Opzeechnungen 1960. An de Wanter war immens dréchen. Wëssenschaftler weisen drop hin, datt déi erhéichten CO2-Ofgasen zu Verschlëmmerung vu Bëschbränn bäidroen. Wéinst där, vun der Klimakris ausgeléister, Äerd-Erwiermung, géife weltwäit méi Bränn ausgeléist ginn, déi ëmmer méi schwéier ze kontrolléiere wieren. 

Lauschterenplay_arrow