Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Pame Mia Volta

play_arrow Live
search

/ Europäesch Rietsextremisten op Antisemitismuskonferez an Israel

Weltwäit Kritik

Europäesch Rietsextremisten op Antisemitismuskonferez an Israel

Fir vill Kritik suergt am Moment eng Konferenz an Israel bei där Rietsextremiste aus ganz Europa invitéiert sinn. D'Konferenz beschäftegt sech mam Theema Antisemitismus. 

auto_stories

1 min

Benjamin Netanjahu | © picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann
Benjamin Netanjahu (Foto: picture alliance / AA/photothek.de | Kira Hofmann)

Invitéiert sinn den RN-Chef Jordan Bardella, eng Politikerin vun der ungarescher Fidesz-Partei, en Europadeputéierte vun de riestextreme Schwedendemokraten an als Haaptinvité den argentiensche President Javier Milei. D'Leit gi vum israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu empfaangen. D'Politiker verbënnt virun allem eng anti-muslimesch Agenda.

D'Konferenz huet ënner jüddeschen Organisatioune weltwäit fir Kritik gesuergt, ënner anerem och duerch den däitsche Publizist Michael Friedmann. Eng ganz Rei Invitéen hunn ofgesot, dorënner och de Chef vun der Anti-Difamation League Jonathan Greenblatt.