Soubal déi néideg Dokumenter bei der europäescher Kommissioun ukomm sinn, huet déi 25 Deeg Zäit, fir éischt Resultater virzeleeën, heescht et op eis Nofro hin. Da gëtt decidéiert: entweder ass d’Iwwernam fräiginn oder et geet an eng zweet investigativ Phas, déi maximal 90 Deeg dierf daueren.
Och do duerno kann d’Iwwernam nach ëmmer fräigi ginn.
Konditioune sinn erfëllt
Datt sech déi europäesch Kommissioun bei der Iwwernam vu Boissons Heintz duerch d’Brasserie Nationale aschalt, läit drun, datt Lëtzebuerg dat eenzegt europäescht Land ass, wat kee Contrôle de concentration huet, erkläert den Direkter vun der Konkurrenzautoritéit, de Pierre Barthelmé.
"Et ass esou, datt d’Kommissioun jo och net all Renvoi acceptéiert. D’Critèren, déi den Artikel 22 virgesäit, an deem éischte Paragraph, dee seet datt dat en negativen Impakt op d’Konkurrenz an engem Memberstaat muss hunn, datt dat zum Beispill d’Struktur vum Marché kéint änneren, datt d’Präisser kéinten an d’Luucht goen, oder de Choix vum Client kéint verlagert ginn, an datt et och en Impakt huet op den Handel tëscht de Memberstaaten."
Well d'Kommissioun de Renvoi unhëlt, wieren déi Konditioune jo erfëllt.
An engem Communiqué hat d’Brasserie Nationale matgedeelt, dass ee wéilt mat der EU-Kommissioun kooperéieren. Weider wollt ee sech net zum Sujet äusseren.