Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EuGH: Schweden kritt eng Geldstrof vun 8,5 Milliounen Euro

Am Kontext vum Waffenhandel a -besëtz

EuGH: Schweden kritt eng Geldstrof vun 8,5 Milliounen Euro

Schweden muss eng Geldstrof vun 8,5 Milliounen Euro bezuelen, well et eng EU-Direktiv am Kontext vum Waffenhandel a -besëtz net am legalen Delai ëmgesat huet.

auto_stories

1 min

Zu deem Urteel koum den Europäesche Geriichtshaff. Schonn 2017 hat d‘EU-Kommissioun méi streng Mindeststandarde fir d‘Acquisitioun an de Besëtz vu Waffe souwéi den Handel domat an der EU festgeluecht. 

Schweden hat ee Joer Zäit fir déi Dispositiounen an nationaalt Recht ëmzesetzen. Dat ass allerdéngs eréischt op den 1. Juli dëst Joer geschitt. Dat skandinavescht Land kann nach Recours géint d‘Decisioun vum EuGH aleeën.