"Léiwe Kleeschen, ech war och heiansdo ganz brav ..."
D'Isabelle Faber hält ee vun den dausende Bréiwer am Grapp. Si ass Haaptresponsabel hei am Sekretariat vum Kleeschen, wou d'Bréiwer këschteweis ukommen a sortéiert ginn.
"Alleguerten déi Bréiwer, déi d’Kanner schécken, déi kommen an ee Centre de tri vun der Post. An do sinn d’Leit gebrieft. Dat heescht all Bréif, wou nëmme Kleeschen oder Saint Nicolas oder Père Noel oder Mère Noël dropsteet, déi ginn automatesch hei an d’Sekretariat vum Kleesche geliwwert."
Ronn eng Dose Mataarbechter:inne vun der Post pake fräiwëlleg eng Hand mat un. Hir Aarbecht ass et haaptsächlech, d'Adresse vun de Kanner ze encodéieren, fir datt d'Äntwert vum Kleeschen och op der richteger Platz ukënnt.
D'ganz Joer iwwer kënnen d'Kanner hir Bréiwer mat der Adress vum Kleeschen drop an all Bréifboîte uechter d'Land geheien. D'Mataarbechter:inne vun der Post huelen sech da vun Enn November un 3 Wochen Zäit fir se ze verschaffen. Déi eigentlech Äntwert schreift de Kleeschen natierlech selwer. D'Benevollen agéieren hei als eng Art Interlocuteur. Si maachen déi ganz administrativ Aarbecht. Dat heescht d'Bréiwer vun de Kanner un de Kleesche weiderginn an dann deem seng Äntwert un d’Kanner zeréckschécken.
Bréiwer aus aller Welt
Zejoert koumen op déi Manéier ronn 3.500 Bréiwer beim Kleeschen un. Mat dobäi sinn och dëst Joer erëm net nëmme Bréiwer aus Lëtzebuerg, mee aus der ganzer Welt.
"Mir kréie Bréiwer aus Australien, Hongkong, aus Amerika, all europäesch Länner. Also dat ass ganz breet gefächert a ganz flott."
A ville Bréiwer sinn einfach Wënsch fir Kaddoen opgelëscht: Vu Spillsaache bis Bicher oder Petzien ass alles mat dobäi. Mee heiansdo hunn d'Kanner och eng besonnesch Demande un de Kleeschen.
"Mir kréien heiansdo Suckelen, wou d’Kanner dann dem Kleeschen hir Suckel schécken a soen, wa si dat als Kaddo kréichen, da géifen si och ophale mat der Suckel. Dat ass ëmmer immens impressionant, a mir hunn och eng ganz Kollektioun u Suckelen, déi d’Kanner dem Kleesche schécken. An ech fannen dat immens déi Imaginatioun, déi d’Kanner hunn."
(Foto: Sophie Schroeder)
Verschidde Bréiwer touchéiere besonnesch
Beim Duerchgoe vun de Bréiwer falen de Benevollen ëmmer erëm Saachen an d'Hänn, déi si besonnesch touchéieren, erzielt d'Coordinatrice Isabelle Faber.
"Léiwe Kleeschen, wann s du nach e bësse Sue Recht hues, kéints du der Mamma dann en neie Brëll kafen, well deen ass futti a si huet keng Sue méi fir sech een neien ze kafen."
Heiansdo kommen am Sekretariat vum Kleeschen och logistesch Schwieregkeeten op, virun allem wann zum Beispill keng kloer Adress vun de Kanner mam Bréif matgeschéckt gouf, wéi hei d’Pascale Philippy, eng vun de fläissege Benevollen, erzielt.
"Et sinn heiansdo Kanner, déi schreiwen hiren Numm an da mengen si de Kleesche wéisst, wien si wären. Dat ass awer och vill verlaangt vum Kleeschen."
Eng Aktioun esou al wéi d'Post
De Kleesche schéckt alle Kanner eng perséinlech Äntwert, an dobäi schéckt hien och ee Bild fir faarweg ze molen an aner kleng Iwwerraschungen.
Dës Aktioun gëtt et schonn zanter 1842, also schonn esou laang, wéi et d'Post gëtt. An iwwer d'Jore sinn et ëmmer méi Bréiwer ginn. An och haut, am digitalen Zäitalter, huet de Bréif un de Kleeschen, wéi et schéngt, näischt vu sengem Zauber verluer.