Radioen

On air

Spektrum  |  Kwes. - Open Up Feat. Sampha & Tirzah

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Escher Gemengerot: Onkloerheet beim Pilotprojet vun enger lokaler Policeunitéit

Esch-Uelzecht

Escher Gemengerot: Onkloerheet beim Pilotprojet vun enger lokaler Policeunitéit

De Pilotprojet vun enger lokaler Policeunitéit leeft zu Esch vum 1. Juli, iwwer 6 Méint un. Op Ufro vun déi Lénk gouf sech dës Woch am Gemengerot domat befaasst. D‘Informatiounen zum Pilotprojet kéimen nämlech just häpperchersweis.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Archiv

Ob de Buergermeeschter Christian Weis dem Marc Baum vun déi Lénk méi Kloerheet konnt ginn, wosst dee selwer net, huet et awer probéiert.

„Keen amerikanesche Sheriff“

Enn Januar wier hie vum Inneminister Léon Gloden kontaktéiert ginn an hätt eng ganz basesch Iddi explizéiert kritt, sot den CSV-Gemengepapp. No Diskussiounen am Schäfferot a weidere Reuniounen am Ministère hätt ee Mëtt Abrëll “Jo” gesot zum Pilotprojet vun enger “Unité de police locale”:

Dobäi betount de Marc Wies, datt d‘Gewalt net beim Buergermeeschter géif leien, fir en Uerder ze ginn. Dat geet iwwer de Regionaldirekter. Hie wéilt keen „amerikanesche Sheriff ginn“.

Marc Baum: Muss d‘Police ufänken d‘Police ze ruffen?

Um Ufank vun der Diskussioun hat de Marc Baum gefrot, wat een ënner Gemengepolice géif verstoen. Ob dat eppes baussent oder bannent der Police wier. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro hätt den Inneminister d’Mottoe Visibilitéit, Proximitéit a Preventioun virginn, mee wéineg zu de Kompetenze gesot.

Eng Fro vum Léon Gloden hätt hien och staark interpelléiert, sot de Politiker vun déi Lénk. „Wat geschitt, wann eng Patrull vun der Police locale am Pilotprojet eng Infraktioun gesäit, déi net am Ordre public local ass?“ Da misste si hir Kolleege ruffen, wier d‘Erklärung vum Léon Gloden gewiescht, esou de Marc Baum.

„Dat kléngt fir mech awer ganz komesch, wann d’Police muss ufänken, d’Police ze ruffen, fir Infraktiounen opzehuelen.“

Fir de Marc Baum sollt fir d’éischt e seriöt Konzept virgeluecht ginn, ier ee mat sou eppes erausgeet.

Déi Escher gréng kloer fir de Pilotprojet

De Schäffe Meris Sehovic vun déi gréng huet sech virun allem eng Fro gestallt. Ass een dofir oder dogéint, datt d‘Bierger:innen an d‘Stad méi Policebeamte kritt. An dësem Fall

„An do ass natierlech meng Äntwert gewiescht, datt mer an dësem Fall, mat deem dote Projet, deen elo um Dësch läit, Jo soen.”

Um Enn vun der Diskussioun huet de Marc Baum nach begréisst, dass de Christian Weis kee Sheriff wéilt sinn. Den Inneminister wier dat ze dacks gewiescht, andeems en aus der Hëft geschoss hätt. Den Escher Buergermeeschter wär dat net.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft