Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Thill: Wa mir gefrot gi wieren, hätte mir och eis Meenung gesot 

Affär Alborz Teymoorzadeh

Eric Thill: Wa mir gefrot gi wieren, hätte mir och eis Meenung gesot 

Datt den iranesche Kënschtler Alborz Teymoorzadeh d‘Land huet misse verloossen, well hie seng Openthaltsgeneemegung net verlängert krut, huet fir vill Diskussioune gesuergt. Elo huet de Kulturminister Eric Thill sech och zu Wuert gemellt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Eric Thill play_arrow
Foto: Chambre des députés

Virgëschter Owend huet den Inneministère sech zu Wuert gemellt: Den iranesche Konschtfotograph hätt net kënnen noweisen, datt hien déi néideg Ressourcen hätt, fir kënnen am Land ze bleiwen. Dee Beweis misst een awer bréngen, wann ee säin Titre de séjour wéilt verlängert kréien.

Den Eric Thill hätt d’Entscheedung vum Inneminister zur Kenntnis geholl a sech dorops hi mam Léon Gloden ausgetosch, fir d'Detailer an d'Beweeggrënn zu senger Decisioun gewuer ze ginn. Hien hätt awer an der Press eng éischte Kéier vun deem Fall a vun där Decisioun gelies, esou den Eric Thill. Hie gouf also net vum Léon Gloden consultéiert.

“De Moment ass et esou, datt de Kulturministère net an där Kommissioun vertrueden ass. Mäi Ministère ass och an deem Sënn net ëm eng Aschätzung gefrot ginn.”

"Net mäi Kompetenzberäich"

De Règlement grand-ducal gesäit awer d’Méiglechkeet vir, och de Kulturministère an déi Kommissioun ze invitéieren, a säi Ministère wier esou enger Invitatioun och nokomm, esou de Kulturminister.

“Ech wier an deem Sënn als Kulturministère, wann ech do gefrot gi wier, där Invitatioun nokomm, an dann hätte mir och do eis Meenung gesot.”

Den Eric Thill stäipt gläichzäiteg de Réck vun de Kulturschafenden. Et wier säin Job, déi kreativ Aarbecht vun de Kënschtler:innen ze ënnerstëtzen an hinne “ganz kloer Fräiheeten” ze bidden, fir datt si hirer Aarbecht kënnen nokommen, betount den Eric Thill. An deem heite Fall géing et awer och e Problem mat de Kompetenze ginn.

“Wat elo d'Ausstellung vun engem Titre de séjour ugeet, dat fält ganz kloer net a mäi Kompetenzberäich. Dat läit an der Verantwortung vun aneren Autoritéiten a betrëfft net nëmmen d'Kënschtler:innen, mee eeben och aner Beruffsgruppen.”

Vum Kulturminister kënnt also net direkt Kritik um Léon Gloden, an awer héiert een eraus, datt den Eric Thill nawell gär ëm seng Meenung gefrot gi wier, an datt hien als Kulturminister och en anere Point de vue huet.

Frank Wies: Refus vun enger Demande de Séjour fällt ënner d’Responsabilitéit vum Minister

Am Fall vun der ëmstriddener Ausweisung vun engem iranesche Kënschtler aus Lëtzebuerg seet de Mënscherechtsaffekot Frank Wies, déi consultativ Kommissioun vum Inneministère hätt souwuel Experten aus dem Kulturministère, wéi och de Kënschtler selwer kënnen unhéieren. Et géif kee Gesetz ginn, wat verbitt, datt eng Kommissioun sech extern Avisen unhéiert, esou de Frank Wies op eis Nofro hin.

Den Inneministère hat an engem Communiqué erkläert, d’Kommissioun wier unanime der Meenung, de Kënschtler Alborz Teymoorzadeh géif net déi néideg Konditiounen erfëllen, fir säin Openthalt zu Lëtzebuerg no sengem Studium op der Uni.lu verlängert ze kréien.

De Frank Wies selwer ass net den Affekot vum Kënschtler, mee hien ënnersträicht awer, datt de Refus vun enger Demande de Séjour ënner d’Responsabilitéit vum Minister fale géif, an net vun der zoustänneger Kommissioun.

"Wann de Minister der Meenung ass, e misst refuséieren, éier hie refuséiert, gëtt en den Dossier weider un d’Kommissioun. Dat heescht, et ass en Dossier, dee schonn e Préavis défavorable vum Fonctionnaire huet, éier en iwwerhaapt bei d’Kommissioun geet. An d’Kommissioun, dat ass eng consultativ, déi gëtt en Avis of. Do kann de Minister follegen, e muss awer net follegen."

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Kultur
National