Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Thill: D'Meenungsfräiheet misst héichgehale ginn, mee Vandalismus ass "net akzeptabel"

Reaktioun op d'Causa Tonnar-Gloden

Eric Thill: D'Meenungsfräiheet misst héichgehale ginn, mee Vandalismus ass "net akzeptabel"

„Ech wäert mech ëmmer dofir asetzen, datt d‘Recht vun der Meenungsfräiheet héichgehale gëtt.“ Sou reagéiert den DP-Kulturminister Eric Thill op eis Nofro hi schrëftlech op d’Aussoe vum Inneminister Léon Gloden an dem Kënschtler Serge Tonnar am Kontext vum Heescheverbuet.

auto_stories

1 min

© Eric Thill
Foto: Chambre des députés

Konscht a Kultur géifen zur fräier Meenungsäusserung gehéieren. Et misst engem och net alles gefalen, „mee et dierft ni un der Politik sinn ze bewäerten, wat Konscht a Kultur ass, a wat net“, sou nach den Eric Thill a sengem Statement.

Den CSV-Inneminister hat als Reaktioun op ee kritescht Gedicht vum Serge Tonnar gesot, hien hätt festgestallt, datt et aus dem Kulturmilieu – zum Beispill vum  Serge Tonnar – Reaktioune ginn hätt, déi „grenzwäerteg wieren“. All déi Leit misste sech d’Fro stellen, ob se déi „inakzeptabel“ Aktioun viru sengem Haus net mat ze verantworten hätten.

De Kulturminister betount sengersäits a senger schrëftlecher Reaktioun, datt de Vandalismus um Haus vum Minister Gloden ganz kloer net akzeptabel wier an hie sech dovu géif distanzéieren. Et wier och net un him fir d’Reaktiounen an d’Messagë vu Regierungskolleegen ze bewäerten.

Dem Léon Gloden seng Virgängerin Sam Tanson hofft, datt de Léon Gloden just een „eemolege Faux-pas“ gemaach huet. D‘Sam Tanson betount et wier wichteg, datt den Eric Thill d’Fräiheete vun der Konscht ënnersträicht.

Aktualitéit
Kultur
Politik