Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eric Thill: Kënschtler ze intimidéieren ass eng rout Linn, déi net iwwerschratt dierft ginn

Causa Weidig-Schneider

Eric Thill: Kënschtler ze intimidéieren ass eng rout Linn, déi net iwwerschratt dierft ginn

Kënschtler oder Kulturschafender ze dreeën oder si ze intimidéiere géif net just géingt d’Valeure vun eiser Gesellschaft verstoussen, mee och géingt eis demokratescht Recht vum fräie Meenungsaustosch. Dat huet de Kulturminister Eric Thill gëschter Owend op X geschriwwen. Dat als Reaktioun op eng Droung, déi den ADR Deputéierten Tom Weidig gëschter géingt de Karikaturist Carlo Schneider an de soziale Medien ausgeschwat hat.

auto_stories

1 min

© Eric Thill
Foto: Chambre des députés

Hannergrond vum Sträit ass den Heescheverbuet an de Vandalismus beim Innenminister Léon Gloden doheem. Eng Intimidatioun vu Kënschtler a Kulturschafende wier eng rout Linn, déi net iwwerschratt dierft ginn, esou den Eric Thill op X.