Eng Wärmepompel am Keller, eng Fotovoltaikanlag um Daach. Wann een als Bierger wëll klimafrëndlech wunnen, da gëtt dat vum Staat mat Subsiden ënnerstëtzt.
Déi nei Regierung huet d'Erhéijung vum Klimabonus ëm sechs Méint verlängert, amplaz vun 30 Prozent kritt ee lo bis zu 50 Prozent bei enger neier Heizung a bis zu 62,5 Prozent bei Fotovoltaikanlag bäigeluecht. An dat ass just d'Klimabonus-Primm selwer. Et gëtt nach méi, wéi de Fenn Faber vun der Klima-Agence erkläert
"Et ass wichteg ze wëssen, datt et net nëmmen déi national Klima-Bonus-Aidë gëtt, mee datt d'Gemengen a ganz ville Fäll eben och nach eppes ginn. Et gëtt Fournisseuren, déi Aiden zur Verfügung stellen an de Fonds Nova Naturstroum. An eisem Aide-Simulator kann ee wierklech kumulativ alles zesummerechne, wat ee vun deene verschiddene Plazen dann och ka kréien."
Net ze verwiessele mat der Energieberodung
Mee wat passt iwwerhaapt bei wéien Doheem? Wat bréngt eng Photovoltaikanlag, wann den Daach an déi falsch Richtung weist? Dofir bitt d'Klima-Agence och eng gratis Berodung un.
Mee opgepasst, déi ass net ze verwiessele mat der Energieberodung, déi een zum Beispill brauch, fir säin Haus isoléieren ze loossen. Do këmmert sech de Beroder och rëm de ganzen Dossier. Bei der Berodung vun der Klima-Agence geet dorëms, d'Leit drop virzebereeden, wa si bei enger Firma en Devis ufroen. Si solle wësse, wat di wichteg Froe sinn.
Een, dee sou Devisë schreift, ass den Alex Kieffer vun der Firma GabanaElcom zu Jonglënster. A well et laang net kloer war, ob d'Erhéijung vun de Subside géif verlängert ginn, hate si am Betrib gutt ze dinn. Zwar hu si nach keng Zuele vun 2023, mee gefillt si bei hinnen d'Demande geklommen, haaptsächlech am Beräich vun der Photovoltaik.
Outile fir datt de Client net muss virstrecken
Mee och wann ee vill Subside kritt, kascht eng Wäermepompel oder eng Photovoltaikanlag ëmmer nach eng ganz Staang Geld. Vill Leit mussen e Prêt maachen, well bis d'Subsiden ausbezuelt sinn, dauert et gutt a gäre mol néng Méint. Mee e Prêt ass an dësen Zäiten net sou evident.
"Sécherlech, d'héich Zënsen eleng drécken d’Kafkraaft vun de Leit erof. Ech mengen awer, do ass déi nei Regierung sech bewosst an do kommen och an den nächste Méint awer och Outilen, fir ze verhënneren, datt de Client muss alles virstrecken. Well dat kann net sinn an dat bremst och d’Investissementer."
Den Top-up social
Fir awer Leit mat nidderegem Akommes och elo schonn ze ënnerstëtzen, gëtt et awer nach aner Mesuren, wéi de Fenn Faber vun der Klima-Agence erkläert.
"Ee Stéchwuert ass den, den Top-up-social, wou een dann eeben och fir all déi Klimabonusmesuren ronderëm d'Haus eben en Top-up ka kréien, wann ee verschidde Konditiounen erfëllt. Et gëtt eng, eng Subvention d'intérêt, et gëtt eng Garantie d'état an dann ass och esou, dass de Logementsministère och nach eng ganz Partie Aiden huet, fir Menagen op der Basis vu sozio-ekonomesche Krittären ze ënnerstëtzen. An alleguerten déi Aidë sinn och cumulabel."
Mesuren déi och de Betriber hëllefen
Dem Alex Kieffer vu GabbanaElcom no hëllefen sou Mesuren net just de Leit, mee och de Betriber, déi ënnert der Schwächt vum Bausecteur zu Lëtzebuerg leiden. Hie mengt och, dass et fir d'Leit grad dowéinst am Moment ekonomesch sënnvoll ass, Heizungen ze ersetzen, Haiser ze dämmen a Photovoltaik ze installéieren.
Well et vill Betriber am Moment un Aarbecht feelt a si dowéinst mat de Präisser erof ginn. Déi erhéichte Subside vun der Regierung gëllen aktuell nach fir all Devis, dee virum 30. Juni 2024 ënnerschriwwe gëtt. Ob se duerno nach verlängert ginn, ass net kloer.