Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Entrevue mat der Caritasvertriedung: Et wier no anere Léisunge gesicht ginn

Chamber-Spezialkommissioun Caritas

Entrevue mat der Caritasvertriedung: Et wier no anere Léisunge gesicht ginn

D’Chamber-Spezialkommissioun Caritas hat haut, Mëttwoch, eng Entrevue mat de Vertrieder:inne vun der Caritas selwer. No der Sëtzung soten d’Deputéiert, datt d’Vertrieder:inne vun der Caritas e klore Message ginn hätten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D’Chamber-Spezialkommissioun Caritas hat eng Entrevue mat de Vertrieder:inne vun der Caritas | © Chambre des Députés play_arrow
D’Chamber-Spezialkommissioun Caritas hat eng Entrevue mat de Vertrieder:inne vun der Caritas (Foto: Chambre des Députés)

Nämlech, datt et ausser der Grënnung vun HUT keng aner Optioun gi wier. D’Oppositioun freet sech firwat dann net méi fréi no Léisunge gesicht gouf.

No der Fraude vun 61 Milliounen Euro hätte Sue gefeelt, fir d’Caritas mat hiren Aktivitéiten um Liewen ze halen, esou d’Deputéiert no der Sëtzung. D’Nathalie Frisch, d’Vertriederin vum Verwaltungsrot vu Caritas sot, datt een als Caritas an de Wochen nom Finanzbedruch duerchaus no anere Léisungen intern gesicht huet.

Investisseur "maache loossen" déi eenzeg Méiglechkeet

Mee d‘Fonge wieren dofir net do gewiescht, erkläert d‘Nathalie Frisch. 

"Do brauch ee jo och am Ufank en Investisseur, e fond de Roulement, fir datt ee fir d‘éischt mol alles kann en place setzen, dat war net do."

Deemno wier déi eenzeg Méiglechkeet gewiescht, een Investisseur "maachen ze loossen".

"Äusserst speziell"

Fir de lénken Deputéierte Marc Baum gouf net anstänneg no alternative Léisunge gesicht, an och d’LSAP-Politikerin Taina Bofferding fënnt et "äusserst speziell", datt sech do keen aneren Investisseur sollt fonnt hunn, fir der Caritas déi néideg finanziell Ënnerstëtzung ze ginn. 

"De Bistum, Fondateur, Caritas selwer, zesumme mat der Regierung, ech erënneren drun, de Premier huet gesot et wier Chefsaach, zesummen och mat de Banken, datt sech do eng Kéier un en Dësch gesat ginn ass fir no enger Solutioun ze sichen, dat huet keen envisagéiert."

Charel Weiler verweist op Zäitdrock

Den neie President vun der Spezialkommissioun, den CSV-Deputéierte Charel Weiler, verweist op den zäitlechen Drock deen am Summer geherrscht huet, wéi d’Fraude opgeflunn ass. Zënter Oktober wieren nämlech keng Sue méi do gewiescht, fir d’Paie vun de Salariéen ze bezuelen.

"An dat war och een Haaptargument, wou d’Caritas da gesot huet, 'ok fir eis ass dat an der Rei wann eng nei Entitéit geschaaft gëtt, wann d’Leit iwwerholl ginn, ënnert deene selwechten Aarbechtskonditiounen.'"

Selwecht Aarbechtskonditiounen?

No der Sëtzung vun der Spezialkommissioun e Méindeg mat de Vertrieder:inne vum OGBL haten d’Deputéiert eben dat kritiséiert. Doduerch datt et keen Transfert d’entreprise wier, wieren d’Aarbechtskonditiounen eben net eent zu eent iwwerholl ginn, sou ënnert anerem déi gréng Deputéiert Djuna Bernard e Méindeg.

Et schaffen iwwerdeems nach ëmmer eng 5 bis 6 Leit bei der Fondatioun Caritas, déi nach net wësse wéi et fir si weider geet, huet et haut de Mëtteg nach geheescht. 

Lauschterenplay_arrow