Radioen

On air

Trendscheif  |  MJ Lenderman - Wristwatch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Entlaaschtungspak" gëtt mat grousser Majoritéit ugeholl

Chamber

"Entlaaschtungspak" gëtt mat grousser Majoritéit ugeholl

D'Chamber huet gëschter um Mëttwoch dee sougenannten “Entlaaschtungspak” mat grousser Majoritéit ugeholl. An deem Pak si vum 1. Januar 2025 u Steierentlaaschtunge fir Salariéen, fir elengerzéiend Elteren, mee och fir Betriber virgesinn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

De Steierbarème gëtt vu Januar un ëm weider 2,5 Indextranchen ugepasst. Dëst Joer gouf et schonn eng Upassung vu 4 Indextranchen.

Den onqualifizéierte Mindestloun gëtt da ganz steierfräi. D'Upassung vun der Steiertabell un d'Indextranchë bleift an den Ae vun der LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding ongerecht.

"D'Adaptatioun vun de Barèmen un d'Indextranchen ass eng ganz simpel a virun allem eng net selektiv, net cibléiert Steierentlaaschtung. A virun allem féiert et dozou, wa jidderee méi bäikritt, dass eeben d'Schéier tëschent Aarm a Räich net méi kleng gëtt."

Weider zweifelt d'Sam Tanson vun déi Gréng drun, datt déi Steierentlaaschtung effektiv zu méi Netto vum Brutto féiert.

"Nämlech, datt d'Upassung vun der Steiertabell eng Nullronn riskéiert duerzestellen, well d'Regierung gläichzäiteg den Energiedeckel hallwéiert an d'Netz fir Käschten an d'Luucht ginn."

Ännerunge fir Frontalieren a Jonker ënner 30 Joer

An der Klass 1A ass de Joresakommes bis 26.460 Euro steierfräi. Ronn 1.600 Euro méi wéi bis elo. A fir elengerzéiend Eltere ginn et zousätzlech fiskal Moossnamen, erkläert d'CSV-Deputéiert Diane Adehm.

"Zousätzlech gëtt och d'mathematesch Formel, déi der Berechnung vun der Steierklass 1A zugronn läit, adaptéiert, esou dass an der Klass 1A an Zukunft am allgemenge manner Steieren ufalen. De Crédit d'impôt monoparental geet vun 2.505 Euro erop op 3.504 Euro."

Bis zu engem Joresakommes vun 52.400 Euro bezuelen déi elengerzéiend Eltere keng Steieren.

Fir Frontalieren, déi am Residenzland riskéieren op den Iwwerstonne besteiert ze ginn, gëtt et vum nächste Joer un ee Steierkredit. Dat gëllt virun allem fir däitsch Frontalieren.

Fir Jonker ënner 30 Joer gëtt et iwwerdeems fir den éischten Aarbechtskontrakt ee Spezialabattemment vu maximal 5.000 Euro fir d'Joresprimmen. A fir d'Betriber ass et ënner anerem eng Baisse vun engem Prozentpunkt beim Kierperschaftssteiersaz.

Lauschterenplay_arrow