Radioen

On air

Notturno  |  Maxime Bender - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ënnerstëtzung, Eenegkeet an ee leschten Äddi

Enn vum EU-Sommet zu Bréissel

Ënnerstëtzung, Eenegkeet an ee leschten Äddi

Den EU-Sommet zu Bréissel goung um Freide Mëtteg mat engem prinzipiellen Accord fir weider Ënnerstëtzung vun der Ukrain am russeschen Aggressiounskrich op en Enn. A fir de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel war et och een Enn: et war säi leschten EU-Sommet. Iwwer seng politesch Zukunft huet de Xavier Bettel awer nach ëmmer net vill verroden.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

D’EU huet der Ukrain virum Wanter weider Liwwerunge vu Waffen a Munitioun, mee och Stroum-Generatoren an Heizungen, versprach. Well Russland och dëse Wanter ukrainesch Stroum- an Heizzentrale systematesch wäert viséieren.

Ukrain: russesch "frozen Assets" fir den Erëmopbau benotzen

D’EU wëll och weider Efforten maachen, fir déi sougenannten “frozen Assets”, also russesch Suen a Verméigen, déi agefruer goufen, fir den Erëmopbau vun der Ukrain ze benotzen. D’Positioun vu Lëtzebuerg bleift do méi nuancéiert. Et dierf ee keng falsch Versprieche maachen, sou de Premier Xavier Bettel.

"Wann een do keng rechtlech Sécherheet huet, soll ee wierklech oppassen. Stellt Iech fir, ee Geriicht géing soen, datt déi Sue mussen zeréckbezuelt ginn. Da stellt sech d'Fro, wien dat dann och wäert maachen."

Eenegkeet wat de Konflikt am Noen Osten ugeet

Um Sommet gouf weider Eenegkeet signaliséiert: bei der EU hirer Positioun zum Konflikt am Noen Osten, a bei der Ënnerstëtzung vun der Ukrain, an dat wier wichteg, esou de Xavier Bettel, wann ee weess, "wat awer aner Regierungen oder Staatscheffe virun der Reunioun gesot hunn."

Den ungaresche Permier Viktor Orban, zum Beispill. Deem säin Handshake a Photoshoot mam Wladimir Putin hat de Xavier Bettel viru Journalisten ee "bras d’honneur" vis à vis der Ukrain genannt.

"Ech hunn dat dobanne gesot, wat ech och dobausse gesot hunn. A fir mech ass et wichteg, datt wann ech engem Politiker eppes ze soen hunn, ech et him och soen. Awer och wa mir ënner véier Ae sinn, oder zu 27 dobannen."

Jidderengem Äddi soen

Geschwënn ass de Xavier Bettel net méi ënnert deene 27: et war säi leschten EU-Sommet, an hien huet haut ville Leit Äddi gesot. Vum Polizist fir beim Empfang, bis hin zur Equipe an der Kichen, wéi den Nach-Premier betount huet.

Hien hätt vill geléiert bei der EU, a wéilt dat an der zukünfteger Regierung zu Lëtzebuerg uwennen. Méi huet de Xavier Bettel awer net verroden.

"Mir sinn am gaangen ee Koalitiounsaccord virzebereeden an den Aarbechtsgruppen. Ech kann Iech elo net virgräifen, wat d'Konklusioune sinn. Sou wäit si mir nach net."

Lauschterenplay_arrow

Ee leschte Selfie mat anere Staatscheffen. | © European Union
Ee leschte Selfie mat anere Staatscheffen. (Foto: European Union)