Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Engie muss keng 120 Milliounen un de Lëtzebuerger Staat bezuelen

Europäesche Geriichtshaff

Engie muss keng 120 Milliounen un de Lëtzebuerger Staat bezuelen

Den europäesche Geriichtshaff huet a leschter Instanz säin Urteel vun 2021 annuléiert an dem Energie-Konzern Engie Recht ginn. An der Affär ëm d’Tax Rulingen tëscht 2008 an 2014 muss de Konzern also keng 120 Milliounen Euro u Steieren un de Lëtzebuerger Staat bezuelen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Engie play_arrow
(Foto: Engie)

Am Urteel vun haut heescht et vun de Riichter, datt d’EU-Kommissioun net kéint beweisen, datt Engie vu Lëtzebuerg selektiv Steieravantagen accordéiert kritt hätt.

D’éischt Urteel gouf annuléiert

Domat hunn d’Riichter d’Recommandatiounen iwwerholl, déi d’Avocat générale vum europäesche Geriichtshaff Juliane Kokott am Mee dëst Joer formuléiert hat. D’Geriicht huet betount, datt d’EU-Kommissioun Feeler gemaach hätt, déi d’Gesamt-Analys gefälscht hätten.

D’EU-Kommissioun hat 2018 argumentéiert, datt de Groupe Engie mat der Hëllef vu sougenannte convertible Prête verschidde Beneficer net versteiert hätt. An éischter Instanz haten d’Riichter vum europäesche Geriichtshaff am Mee 2021 confirméiert, datt Engie selektiv bevirdeelegt gouf. D’Dispositioun par Rapport zu engem Mëssbrauch vum Lëtzebuerger Steiersystem wier net applizéiert ginn.

Engie krut keng illegal Avantagen

Elo gouf preziséiert, datt eng Staatshëllef da besteet, wann ee ka beweisen, datt et sech ëm ee selektiven Avantage handelt. Dat wier an dësem Fall ee Virdeel, dee just de Groupe Engie accordéiert kritt hätt. Fir dat ze beweise misst ee fir d’éischt den normale Besteierungssystem consideréieren an da kucken, vu wéi enge Moossnamen Engie konnt profitéieren.

Dat wier an dësem Fall awer net vun der EU-Kommissioun bewise ginn, an aus deem Grond géif et fir de Groupe Engie keng illegal Steieravantage ginn, heescht et vum europäesche Geriichtshaff.

Dëst Urteel ass e weidere Réckschlag fir d’EU-Kommissioun, deen op der Lëscht vun aneren Dossieren ewéi bei Fiat, Amazon a Starbucks dobäi kënnt. Bei all dëse Fäll hat d’Geriicht d’Aschätzung vun der EU-Kommissioun gekippt.

Lauschterenplay_arrow