De Konsumenteschutzministère an den ILNAS hunn tëscht dem 17. Oktober an Ufank November gemeinsam Kontrolle bei 14 Betriber uechter d‘Land gemaach. D‘Präisser fir d‘Pneue wiere gutt affichéiert gewiescht, bei méi wéi engem Drëttel wieren d‘Tariffer fir d‘Servicer awer net richteg opgelëscht gewiescht a bei der Hallschent hätten d‘Präisser fir Accessoire wéi Autosbatterien oder Scheiwewischere gefeelt.
Den Etiquetage vun de Pneue wier iwwerdeems awer an alle Betriber reegelkonform gewiescht.