Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Chromeo feat. La Roux - Replacements

play_arrow Live
search

/ D'Karriär am Fleegesecteur soll keng Einban sinn, esou d'Direktesch vun der COPAS

Claudine Bettendroffer

D'Karriär am Fleegesecteur soll keng Einban sinn, esou d'Direktesch vun der COPAS

Fir der Penurie u Fleegepersonal entgéint ze wierken, proposéiert d'COPAS eng nei Formatioun mat Ofschloss um Niveau BAC. D'Directrice vun der COPAS, d'Claudine Bettendroffer, erhofft sech doduerch och, d'Karriär am Fleegesecteur méi flexibel ze gestalten.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

play_arrow

Haut virun 205 Joer ass d'Florence Nightingale op d'Welt komm. Eng brittesch Infirmière, déi als Pionéier vun der moderner Fleeg gëllt. Hiren Asaz, esou gëtt gesot, hätt derzou geféiert, datt de Beruff vun der Infirmière opgewäert ginn ass. Et goufen also gutt Grënn, fir den internationalen Dag vun den Infirmièren an Infirmieren, deen all Joer ass, op hire Gebuertsdatum ze leeën: Den 12. Mee. 

900 Poste wäerte feelen

D'Claudine Bettendroffer ass Direktesch vun der COPAS, dem Dagverband vun de Prestatairien an der Fleeg vun eelere Leit. Am 100,7-Interview geet si op de Manktem u Fleegepersonal an, wat aktuell dat Theema ass, dat de Secteur dominéiert. 

"Wann een do e bëssen an d'Detailer vun den Zuele geet, gesäit ee pro Joer eng 150 Leit, déi an d'Pensioun ginn. Dovun iwwer 100 Leit, déi wierklech an der Fleeg schaffen, also Fleegeberuffer. A mir hunn awer net op där anerer Säit déi Leit, déi aus der Formatioun nokommen, respektiv déi mir aus dem Ausland och kënne rekrutéieren." 

Wann een dann nach dobäi rechent, datt d'Populatioun méi al gëtt, geet dësen Ënnerscheed nach méi grouss, betount d'Claudine Bettendroffer. Allgemeng géing een dovunner ausgoen, datt an den nächste 5 Joer eng 900 Poste wäerte feelen, bezéiungsweis net besat wäerte sinn.

Potenzial tëschent DAP a Bachelor

Zesumme mat der École Nationale de Santé, also dem fréieren LTPS, huet d'COPAS eng Initiativ lancéiert, där hiert Zil et ass, fir Aide-soignanten, déi een DAP hunn, nieweberufflech weiderzebilden an dann an d'Karriär vum Infirmier kënnen eriwwer goen. D'Direktesch vun der COPAS erkläert, datt dat bis elo nach net méiglech ass.

"Mir hunn de Moment, wann een d'Fleegeberuffer kuckt, een CCP, deen en place ass. Mir hunn dann een DAP vun der Aide-soignante an dann hu mir eigentlech een Deel, wou eppes feelt. An dann hu mir duerno den Infirmier, wat als Bachelor-Diplom fir d'Zukunft virgesinn ass."

Tëschent dem DAP an dem Bachelor géing een dofir Potenzial gesinn, fir och nei Leit an d'Fleegeberuffer anzezéien, déi vläicht elo nach net direkt adresséiert sinn, um Niveau vun enger Première.

Eng ganz nei Kategorie vun Infirmier?

D'Iddi wier dann och fir ze kucken, wéi ee Weeër fir d'Aide-soignanten an de Beruff vum Infirmier schaaft. Am Moment ass et och net méiglech, dat nieweberufflech ze maachen.

Wann een elo als Aide-soignant zum Beispill schafft, muss een eigentlech erëm vollzäit an d'Schoul goen, fir de Beruff vum Infirmier ze léieren. An dat mécht natierlech keen - oder warscheinlech kaum een - aus verständleche Grënn: Et huet ee jo dann och keen Akommes. 

"An do wollte mir et effektiv och vill méi einfach maachen, fir datt all Aide-soignant net an enger, ech soe mol Sakgaass dee Moment och ass, mee déi, déi sech wëlle wierklech weiderentwéckele Richtung Infirmier, datt déi och all d'Méiglechkeete gebuede kréien, fir dëst och ze maachen." 

D'Zil wier et also, datt Aide-soignantë kënnen nieweberufflech zu engem Infirmier oder enger Infirmière ginn, déi dann ee Premièresofschloss hätt. Haut ass et awer e BTS, oder souguer e Bachelor, Bac plus zwee, Bac plus dräi. Déi nei Formatioun wier dann e Krack drënner. Dat wier also eng nei Kategorie vun Infirmière oder Infirmier, déi do géif geschaf ginn. 

Wat dat ubelaangt hätt ee momentan eng gutt Zesummenaarbecht mam Ministère de la Santé an och mat deene verschiddene Parteien aus dem Ekosystem, betount d'Claudine Bettendroffer.

"D'Iddi ass wierklech fir ze kucken, wat kéint esou een Tëscheberuff och un Attributioune kréien, a wéi kéint een dat esou gestalten, datt den Infirmier - natierlech och fir deen ze entlaaschten - datt dee sech och wierklech op seng Haaptattributioun erëm ka konzentréieren."

Déi nei Kategorie vun Infirmièren an Infirmieren hätt also aner a manner Kompetenzen, wéi déi mat BTS oder mat Bachelor-Ofschloss. 

D'Dieren am Beruff oppaachen

Wann een elo op där enger Säit den Aide-soignanten eng Dier opmaacht, fir eranzeklammen an der Hierarchie, da feelen natierlech op där anerer Säit op eemol vläicht Aide-soignanten. Gëtt de Problem doduercher net einfach just verréckelt?

"Ech mengen an där Hisiicht sinn och ganz vill Leit, déi de Beruff vum Aide-soignant maachen, well dat och e wäertvolle Beruff ass, a well dat e flotte Beruff ass, déi net onbedéngt elo eng Passerell wëllen notze Richtung Zwëscheberuff oder Infirmier."

D'Zil wier et dofir, fir de Beruff attraktiv ze gestalten, andeem ee "keng Einbanen huet", awer gläichzäiteg d'Dieren opmécht, fir datt ee sech an all Richtung weiderentwéckele kann, esou nach d'Claudine Bettendroffer.

 

Lauschterenplay_arrow