Dorënner déi amerikanesch Vize-Presidentin Kamala Harris an den ukrainesche President.
De Wolodymyr Selenskij ass de Mueren zu Berlin ukomm, hei gëtt hie vum Bundeskanzler Olaf Scholz emfaangen. Et gëtt sech erwaart, datt d‘Ukrain an Däitschland e bilateraalt Sécherheetsofkommes ofschléissen, sou wéi och Frankräich et wëlles huet. Den Owend reest den ukrainesche President dofir op Paräis bei säi franséischen Homolog Emmanuel Macron. Déi Accorde sollen d‘Zäit iwwerbrécken, bis d‘Ukrain Member an der Nato gëtt.