Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ En neie Restaurant social zu Esch an der Kanalstrooss

Stëmm vun der Strooss

En neie Restaurant social zu Esch an der Kanalstrooss

D’Stëmm vun der Strooss bedreift zu Esch en neie Restaurant fir Leit déi an Nout sinn. De Restaurant ass provisoresch, well 2026 plënnert d’Stëmm vun der Strooss an en neit Gebai an der Kanal Strooss.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
D’Stëmm vun der Strooss bedreift zu Esch en neie Restaurant fir Leit déi an Nout sinn. (Foto: Morgane Weidig)

Zënter knapp 20 Joer gëtt et de Restaurant social zu Esch an der Grand-Rue. D’Zuel vun de Leit, déi de Restaurant besichen, huet sech an där Zäit verduebelt. Dat mierkt och den Norbert Schroeder.

“Wann dir méi grouss maacht, da kommen och méi Leit. Wou déi Leit hierkommen? Ech kenne kee méi.”

Un d'Ännerungen upassen

Den Norbert Schroeder kënnt zanter 18 Joer an de Restaurant social zu Esch. Hie spuert, eegenen Aussoen no, all Cent fir et sengem Bouf ze erméiglechen, studéieren ze goen. De provisoresche Restaurant ka ronn 50 Leit zerwéieren, a läit eng 700 Meter vum ale Standuert ewech. D’Clientë musse sech elo upassen.​

“Bei deenen Engen ass et duer gaangen, bei deenen Aneren net. Déi hu soss en zweet Iessen kritt. Hei ass elo gesot ginn, et gëtt keen zweet Iesse méi. Dann musst der um hallwer Zwou kommen.”

Méi an de Kampf géint d'Aarmut investéieren

D’Presidentin vun der Stëmm vun der Strooss seet, de Projet fir dat neit Gebai vun der Stëmm zu Esch géif an déi richteg Richtung goen, mee leider géif et nach gutt zwee Joer daueren, bis een d’Leit kéint op der neier Adress richteg empfänken. D’Alexandra Oxcacelay wënscht sech méi Ënnerstëtzung vun der Politik. Et misst méi an de Kampf géint d’Aarmut investéiert ginn.

“Net an d'Maueren, mee an d‘Qualitéit an d'Personal. Et geet net duer just véier Maueren dohin ze stellen an dann ze soen – sou lo kënne mir d'Leit hannert deene Mauere verstoppen. Mir musse jo awer och kënnen eppes mat de Leit maachen."

D'Léisung läit an der Preventioun

​Et wier utopesch ze soen all Mensch misst rëm op den éischten Aarbechtsmarché oder de normale Wunnengsmaart kommen, betount d'Alexandra Oxacelay. Et wier awer wichteg, d'Leit ze stabiliséieren a vun der Strooss erof ze kréien.

D’Léisunge géife virun allem an der Preventioun leien, ënnertsäicht d’Alexandra Oxacelay. Si bedauert, datt Aarbecht, Logement a Santé fir déi Aarm, an der Politik keng Prioritéit wieren.

Lauschterenplay_arrow