search

/ Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen: "Wat eng Chance!"

Fräie Mikro

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen: "Wat eng Chance!"

"Déi Jonk hautdesdaags si faul an hänken nëmmen um Handy". Esou ee Saz héiert een dacks vun Erwuessener, wann ee jonk Leit an engem Grupp do sëtze gesäit, mam Kapp no ënnen op den Ecran. Mee wéi esou dacks ass d'Realitéit vill méi nuancéiert, seet am Fräie Mikro d’Judith Reicherzer.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen a fuerdere vun eis gehéiert ze ginn, seet d’Judith Reicherzer, Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch. "Wat eng Chance!", fënnt si.

Schüler:inne fuerdere méi wéi just e flott Schoulfest an e Knetschautomat

Eis Kanner sinn erëm wakereg. An der Fräizäit an och an der Schoul ginn et ëmmer méi Jonker, déi sech gären engagéieren, net just mat engem Like, mee mat eegenen Iddien an Aktiounen. 

Dëser Deeg ginn an de Lycéeën d’Schülercomitéë gewielt. Et melle sech méi Kandidate wéi fréier, an déi verspriechen an hire Walrieden net just e flott Schoulfest an e Knetschautomat. Si fuerdere vun de Proffen och méi Diskussiounen zu aktuelle politeschen Theemen. Si froe vum Lycée méi Engagement fir d’Ëmwelt a si wënsche sech méi Stagen am soziale Beräich. An dofir kréie si vill Applaus.

D’Enseignantë kënnen et bal net gleewen. Wat ass geschitt? Hunn d’Kanner an dësem waarme Summer de Knuet opgemaach? Oder ass endlech de Covid-Schock iwwerwonnen? Studie ginn et dozou nach keng, mee um Terrain fält de Wandel ëmmer méi Leit op. 

"Dat rappt déi Jonk net vum Stull"

No baussen huet eis Jugend jo grad kee gudden Image: An der Press si virun allem déi schlecht Pisa-Resultater en Theema, dat toxesch Medieverhalen an déi vill mental Problemer vun eisen Teenager.

De Ministère versprécht dowéinst nach méi streng Handyreegelen, ënnerschreift e Jugendpakt an organiséiert d’Woch vun der Demokratie.

Mee dat rappt déi Jonk net vum Stull. Si decidéiere gäre selwer, wat fir si wichteg ass a wéi si op Problemer reagéieren. Net mat Zodi wéi a Frankräich, mee awer däitlech a mat enger grousser Portioun Selbstbewosstsinn.

Keng gemeinsam politesch Linn, mee gemeinsam Ziler

Beispill Orange Week: Mir hu schonn ze vill am Kalenner, huet sech e Stater Lycée geduecht a wollt d’Orange Week kierzen. Do stounge si schonn do: 20 Meedercher aus ganz verschiddene Klassen, déi dat net akzeptéiert hunn.

Firwat? Well reaktionär Tradwives an toxesch Manfluencer op Instagram net dierfe gewannen, soe si. Well meng Groussmamm fir Positioune gekämpft huet, déi ech lo net opginn, soe si. A well mir eis awer owes am Club net sécher spieren. Do muss een eppes maachen, soe si.

Déi jonk Fraen hu keng gemeinsam politesch Linn, awer gemeinsam Ziler. Si wëlle praktesch Léisungen ubidden fir Schülerinnen a fir Schüler. Wéi stoppt een en Aggressor op der Strooss? Wéi steet een engem Affer bäi? A wat mécht ee géint eng gëfteg Machokultur an der Klass? 

"Demokratie léieren eis Kanner net an enger imposéierter Woch"

Dofir plange si Aktiounen, ouni VIP-Riedner. Si invitéieren Experten, déi si spannend fannen, an huelen d’Schülerzeitung an d’Instagrammer mat an d’Boot. Elo gëtt et am Lycée awer eng Orange Week. An déi nächst Projete si schonn an der Pipeline.

Fir eng Schoul sinn dës Aktiounen net ëmmer einfach ze geréieren. Et muss een en Deel Kontroll ofginn, d’Routine ënnerbriechen an et muss ee sech zeréckhuelen an déi Jonk an hir eegen Dynamik akzeptéieren. En plus riskéiert een, datt am Enn net alles perfekt leeft.

Mee Demokratie léieren eis Kanner net an enger imposéierter Woch. A grouss gi si net, wa si net selwer agéieren a reagéieren.

Endlech sinn déi Jonk, déi sech hanner hiren Ecrane verstoppt haten, erëm do a fuerderen eis live um Terrain eraus. Mir, Schoulen an Elteren, wieren domm, wa mir dësen Challenge net géifen unhuelen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.

play_arrow Lauschteren