Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
search

/ Cybersécherheet: “Et feelt nach u Bewosstsinn an de Gemengen”

Syvicol

Cybersécherheet: “Et feelt nach u Bewosstsinn an de Gemengen”

D’Gemenge musse sech besser géint Cyberugrëff schützen. Där Meenung ass de President vum Gemengeverband Syvicol. Och d’Zesummenaarbecht tëscht dem Staat an de Gemenge kéint nach verbessert ginn, fënnt den Emile Eicher.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

© Morgane Weidig play_arrow
(Foto: Morgane Weidig)

Déi meescht Gemenge wiere bis elo vu méi schlëmmen digitalen Ugrëff verschount bliwwen. An awer wier et wichteg, datt d’Gemengen sech op esou Situatioune preparéieren. Et géif nämlech duerchaus Loft no uewe ginn, wann et ëm d’Cybersécherheet geet.

Verschidde Gemengen hätten en Audit gemaach an déi wiere relativ schlecht ausgefall. Dacks géif et u Bewosstsinn am Ëmgank mat sensibelen Dokumenter feelen.

„Op der Säit vun der Informatik geet et och drëms ëmmer d’Passwierder ze wiesselen, an datt een ëmmer aus de Programmer eraus geet, an déi net lafe léisst iwwer Mëtteg.“

Jiddereen dréit eng Responsabilitéit

Et géif also och vill ëm déi kleng Schrëtt goen. Jidderee misst léieren, datt een eng Responsabilitéit ze droen huet, betount den Emile Eicher.

Dofir sollen elo verstäerkt Formatiounen ugebuede ginn. Dobäi misst och iwwer de Gemengesyndikat Sigi méi investéiert ginn an d‘Zesummenaarbecht tëschent Staat a Gemenge verstäerkt ginn.

D’Gemengeresponsabel aus dem ganze Land kommen am Nomëtte fir eng Konferenz iwwer d’Cybersécherheet zesummen. Mat dobäi ass och den Inneminister Léon Gloden.

Lauschterenplay_arrow