Radioen

On air

Notturno  |  Tony Allen, Adrian Younge & Ali Shaheed Muhammad - Ebun

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ëmfro confirméiert Kritik um Adapto-Service

Mobilitéit

Ëmfro confirméiert Kritik um Adapto-Service

Den Adapto-Service stoung an der Lescht ëmmer rëm an der Kritik. Déi huet elo och eng Ëmfro vun Info-Handicap confirméiert.

auto_stories

1 min

Eng 200 Leit hu bei deem Sondage matgemaach an iwwer 76 Prozent soten, datt si scho Probleemer bei der Buchung vun engem Adapto-Bus haten. Zum Beispill, datt se net um Telefon duerchkomm sinn oder Problemer mat der App haten.

Iwwer 72 Prozent haten och scho mol Problemer bei engem Trajet, ënner anerem, datt den Navigatiounssystem hir Adress net fonnt huet, datt si op enger falscher Plaz erausgelooss goufen oder dass de Rollstull net richteg ugestréckt war. Verspéidungen oder, datt den Adapto ni ukomm ass, si weider Probleemer.

Ministesch stellt Besserungen an Aussiicht

Ronn 40 Prozent soen och, datt si scho Problemer mat de Chauffeuren haten, well déi net forméiert wiere fir mat der Adapto-Clientèle ëmzegoen.

Gëschter huet Info-Handicap der zoustänneger Ministesch Yuriko Backes dee Sondage a Verbesserungsvirschléi presentéiert. D‘Ministesch hätt ugekënnegt, nach dëse Mount Adaptatiounen ze maachen, ënner anerem soll d‘Telefonszentral verstäerkt an d‘App aktualiséiert ginn, an et solle speziell Formatioune fir d‘Chaufferen entwéckelt ginn.