arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Richtlinne bei Garantie d'achèvement: ABBL wëllt Vertraue fir Neibauprojeten

ABBL

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Nei Richtlinne bei Garantie d'achèvement: ABBL wëllt Vertraue fir Neibauprojeten

Fir d’Logements-Finanzéierung wier 2025 e gutt Joer gewiescht, huet de Claude Hirtzig, de Vize-President vum Retail Banking Cluster virun der Press erkläert. An den zwee éischten Trimesteren 2026 hätten et awer réckleefeg Zuele ginn.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Virun allem am Beräich vun den Neibauprojeten – de sougenannte VEFAen - wier d’Vertraue vun de Keefer:inne wichteg, huet de Claude Hirtzig erkläert. 

"Mir hu Propose gemaach, wéi een d’Vertrauen hierstellt, iwwer d'Garantie d'achèvement. Do sti mir kuerz virun enger Publikatioun warscheinlech vun neie Richtlinnen an deem Domaine. Dat misst dem Client hëllefe sécher ze sinn, wat geschitt, och wann et net esou gutt leeft op sengem Bau."

Zu deem Thema wier d’ABBL vum Justizministère consultéiert ginn.

"Dat concernéiert och Detailer, zum Beispill wéini soll bezuelt ginn am Fall vun enger VEFA." 

Beim Finanzéierungsinstrument Prolog Luxembourg S.A., dat viru gutt zwee Joer vun der ABBL selwer a vu fënnef Banke lancéiert gi war, fir de Wunnengs- a VEFA-Marché ze beliewen, hätt et e relativ niddregen Interesse ginn, huet de Laurent Zahles bedauert. Dowéinst wier dës Initiativ mat engem ugekënnegte Kapital vun 250 Milliounen Euro de Moment am Stand-by.

Unzuel u Privatcliente geklommen

Enger Ëmfro bei sechs Lëtzebuerger Banken no sinn d’Avoire vun de Privatclienten 2025 ëm 7,4 Prozent op 44,8 Milliarden Euro geklommen. D’Kreditter sinn ëm 3,9 Prozent an d’Luucht gaangen. An d’Zuel vun de Clientë louch d’lescht Joer bei dëse Banke bei 981.000: e Plus vun 1,7 Prozent.

Dat wier e Beweis, datt d’Banken do si fir d’Leit bei hire Projeten ze begleeden, esou haut de President vum Retail Banking Cluster bei der ABBL Laurent Zahles. Déi sechs Lëtzebuerger Guichetsbanken hunn am Joer 2025 51.000 Konte fir Privatleit opgemaach.

Schwieregkeete fir d'Entreprisen

Wéinst Problemer beim Opmaache vu Konte fir Entreprisë ginn d’Banke kritiséiert. Och 2025 hätten d’Banke bal 8.000 där Konten opgemaach, huet de Laurent Zahles ënnerstrach.

"...fir professionell Clienten, wat absolut an der Rei ass. Et sinn heiansdo Fäll, wou entweeder en Dossier net komplett ass oder net an de Businessmodell vun enger Bank erafält, wou ee muss Saachen nofroen, wou et emol kann zu méi laangen Delaie komme bei engem Traitement vun engem Dossier."

Bei Problemer géif d’Bankevereenegung ABBL mat hire Servicer och als Vermëttler optrieden, gouf verséchert.

Kollektivvetrag fir de Bankesecteur soll op 3 Joer erneiert ginn

Den neie Bankekollektivvertrag soll idealerweis op een Neits fir dräi Joer laang gëllen, huet den Nach-ABBL-Generaldirekter Jerry Grbic op Nofro hin an Aussicht gestallt.

D’Iddi wier, datt dëse Kollektivvertrag retroaktiv op den 1. Januar 2027 a Kraaft trëtt. Den aktuelle Vertrag gëllt nach bis Enn vun dësem Joer. D’Verhandlunge fir den neie Bankekollektivvertrag hätten nach net ugefaangen. Fir de Moment hätte souwuel d’Gewerkschafte wéi och d’Bankevereenegung sech intern concertéiert, esou de Jerry Grbic. 

"Mir hunn eis Ekipp zesummegesat, mir gesinn eis reegelméisseg, fir déi Sujeten ze analyséieren, déi mer wëllen uschwätzen. Wat fir eis wichteg ass, fir am nächste Kollektivvertrag de Kader ze setzen, och un déi nei Gegebenheeten, déi mir haut am Marché kennen."

Hie géif dovun ausgoen, datt bis Enn des Joers déi aktuell Konventioun denoncéiert wäert ginn. 

"Wat dann de Startschoss gëtt, fir sech zesummenzesetzen an ze negociéieren. Klassesch wäert eng éischt Reunioun Enn des Joers sinn, an da gëtt sech e Kader ginn, fir sech reegelméisseg ze gesinn ab Januar, fir do dann driwwer ze verhandelen."

Nach keen Nofolger fir de Jerry Grbic

Souwäit de Jerry Grbic, dee muer säi leschten Dag als CEO vun der ABBL huet, wéi hien de Moien op enger Pressekonferenz ugekënnegt huet. Ufank September war schonn ugekënnegt ginn, datt hien d’Bankevereenegung verléisst. 

De Prozess fir een Nofollger ze fannen, wier am gaangen, huet et haut op Nofro bei der Bankevereenegung geheescht. Säin Depart wier keng Decisioun géint d’ABBL, huet de Jerry Grbic eis gesot: hien iwwerhëlt an Zukunft d’Responsabilitéit vun enger Privat-Equity-Firma, déi engem Family office gehéiert.

play_arrow Lauschteren