Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Elektronesch Foussfessel a Fäll vun haislecher Gewalt?

Regierung analyséiert

Elektronesch Foussfessel a Fäll vun haislecher Gewalt?

D‘Regierung ass amgaangen ze analyséieren, wéi de Gebrauch vun enger elektronescher Foussfessel a Fäll vun haislecher Gewalt kann erméiglecht ginn. Dat äntweren d‘Justizministesch an d‘Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Arne Dedert
(Foto: picture alliance/dpa | Arne Dedert)

Hannergrond ass eng Verschäerfung vum entspriechende Gesetz an Däitschland. Virgesi wier do – an Ausnamefäll – eng elektronesch Openthaltsiwwerwaachung vun Täter vun haislecher Gewalt.

Hei am Land kann de Familljeriichter bei Fäll vun haislecher Gewalt oder Menacen eng Parti Verbueter verhänken. Dorënner deen, fir bestëmmte Plazen ze besichen oder un déi betraffe Persoun erunzetrieden. De momentane legale Kader hei wier gutt, esou nach d‘Ministerinnen, dat géif awer punktuell Upassungen oder Nobesserungen net ausschléissen.