Israeelesch Spezialunitéiten hunn hënt en Deel vum El Shifa Spidol an der Gazasträif gestiermt. Der israeelescher Arméi no géif et sech ëm eng präzis a lokaliséiert Aktioun géint Hamas-Terroristen handelen, déi sech am Spidol verschanzt hätten. An de leschten Deeg huet déi israeelesch Arméi d‘Spidol ëmstallt an et koum ëmmer rëm zu Schéissereien. Israel geet dervun aus, datt den Hamas eng Kommandozentral ënnert dem Spidolskomplex huet. D‘Palestinenserorganisatioun dementéiert dat.
Israel géif d‘Zivilisten sou wäit wéi méiglech verschounen, sou d‘Arméi. Zaldoten hätten och Liewensmëttel, Cuveusen a medezinesch Hëllefsgidder an d'El-Shifa-Spidol bruecht.
De palestinensesche Gesondheetsministère hat jo Ufanks der Woch gemellt, dass am 'El-Shifa-Spidol siwen neigebuere Puppelcher gestuerwe wieren, well d‘Sauerstoffapparater hu missten ofgeschalt ginn, well kee Sprit méi do war. Déi Informatioune loossen sech net onofhängeg iwwerpréiwen.
D‘Hëllefsorganisatioune maachen sech grouss Suergen ëm d‘Patienten an der Klinik. Bei der Croix-Rouge wier een extreem beonrouegt. Och d‘WHO sot, si wier ganz beonrouegt. D‘Cheffin vun Unicef huet, no enger Visitt zu Gaza, en Appell gemaach, fir mam Horror opzehalen.
Den Nouthëllef-Büro vun der UNO huet matgedeelt, dass 36 Puppelcher, déi op Brutkästen ugewise sinn, an akuter Liewensgefor wieren.