Radioen

On air

Notturno  |  Michael Hurley - Are You Here For The Festival

play_arrow Live
search

/ Éischte Kontakt tëschent EU a syrescher Iwwergangsregierung villverspriechend

Virsiichteg awer hoffnungsvoll

Éischte Kontakt tëschent EU a syrescher Iwwergangsregierung villverspriechend

Wéi soll d'Europäesch Unioun op de Muechtwiessel a Syrie reagéieren? Dat war eng vun de Froen um EU-Sommet en Donneschdeg zu Bréissel. Deen éischte Kontakt tëschent der Europäescher Unioun an der neier syrescher Regierung wier villverspriechend gewiescht. Dorop hat d'EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas virun den Diskussioune mat de Staats- a Regierungscheffen higewisen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski play_arrow
Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski | Wiktor Dabkowski

D'EU bleift virsiichteg an hofft, datt et no der Chute vum Assad-Regimm eng Méiglechkeet gëtt, fir eng demokratesch Zukunft a Syrien.

45 Milliounen Euro an zousätzlech d'humanitär Hëllef

Et wier eng historesch Geleeënheet fir Syrien ze vereenen, esou d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. D'Europäesch Unioun plangt hir Hëllefsprogrammer a Syrien auszebauen.

Bis Enn dës Joers sollen nach zousätzlech 45 Milliounen Euro an déi humanitär Hëllef fléissen.

D'EU-Baussebeoptraagte Kaja Kallas schwätzt vun engem villverspriechenden éischte Kontakt op Ambassadeurs-Niveau a Syrien.

Luc Frieden: "Déi Leit hu schrecklech gelidden"

Och de Lëtzebuerger Premier begréisst, datt d'EU eng Delegatioun a Syrie geschéckt an eng Ambassade opgemaach huet. Fir de Luc Frieden ass et besonnesch wichteg, mat de Leit op der Plaz ze schwätzen.

"Fir net nëmmen d'Saachen duerch Héieresoe matzekréien. Zweetens fir ze schwätze mat de Leit, déi do wunnen. Déi Leit hu schrecklech gelidden zënter Joren."

Elo misst ee kucken, ob net anert Leiden entsteet, wa Leit un d'Muecht kommen, mat enger islamistesch fundamentalistescher Vue. De Premier verweist dobäi op d'Fraerechter. Dat wiere Saachen, déi ee konkret moosse kéint, esou de Luc Frieden. 

D'EU Staats- a Regierungscheffen hunn um Sommet d'EU-Kommissioun dozou opgeruff, konkret Propose fir d'Ënnerstëtzung vu Syrien auszeschaffen. Dozou kéinten och wirtschaftlech Sanktioune gehéieren.

Lauschterenplay_arrow