Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Éischte Kollektivvertrag fir Salariéen déi bei Luxcargo transferéiert goufen

LCGB an OGBL deele mat

Éischte Kollektivvertrag fir Salariéen déi bei Luxcargo transferéiert goufen

Nom Transfert vun der Luxair hire Cargo Aktivitéiten am Cargo Center gouf en éischte Kollektivvertrag fir déi 1.200 betraffe Salariéen ënnerschriwwen. Dat deelen d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB an engem gemeinsame Communiqué mat.

auto_stories

1 min

Dësen éischte Kollektivvertrag géif Garantië ginn, fir d‘Aarbechtskonditiounen a Remuneratioun vun den 1.200 Salariéen, déi bei Luxcargo Handling transferéiert goufen, esou d‘Gewerkschaften. 

Si kéinten ënner anerem vun enger Aarbechtsgarantie profitéieren. Dat heescht, datt et och bei eventuellem "sur-effectif", also ze vill Personal, net zu Licenciementer aus ekonomesche Grënn wäert kommen. An datt Luxcargo Handling, fir de Fall wou awer manner Leit do gebraucht ginn, „plan de maintien dans l‘emploi“ mat de Syndikater verhandelt.