arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Lëtzebuerger aus der Kriseregioun nees zu Lëtzebuerg

Temoignage

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Éischt Lëtzebuerger aus der Kriseregioun nees zu Lëtzebuerg

No enger laanger an ustrengender Rees, wéi si selwer soen, sinn déi éischt Lëtzebuerger aus dem Noen Oste kuerz viru 14:00 Auer um Findel gelant. Déi 97 Passagéier vun der ägyptescher Airline Nesma waren aus der omanescher Haaptstad, iwwert déi ägyptesch Haaptstad Kairo op Lëtzebuerg geflu ginn.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pit Befort
(Foto: Pit Befort )

D’Lëtzebuerger Regierung hat dëse Fluch gechartert. D’Passagéier, ënnert deenen och belsch a franséisch Staatsbierger:inne waren, goufen ënnert Tréine vu Famill a Frënn empfaangen.

Géintiwwer der Press hu si dono erzielt, wat si erlieft hunn. Virun allem op der Grenz fir an den Oman wier d’Situatioun komplizéiert gewiescht

. play_arrow Lauschteren

Yuriko Backes: Houfreg wéi séier alles geklappt hätt

Et wier een houfreg, datt een esou séier Lëtzebuerger aus dem Noen Osten hätt kënnen zeréck op Lëtzebuerg bréngen. Dat sot d’DP-Defenseministesch Yuriko Backes, nodeems den éischte Vol um Findel gelant war.

D’Yuriko Backes sot et hätt vill Gedold gebraucht fir de Rapatriement mat den aneren Acteuren zesummen ze organiséieren. Well d’Situatioun op der Plaz am Oman net ganz iwwersiichtlech wier a vill Leit laang op der Grenz misste waarden, wier den éischte Vol och net komplett ausgelaascht gewiescht, esou d’Yuriko Backes.

“Jo, ech mengen et muss een ëmmer mat Timeslots schaffen, ee Vol huet eng gewëssen Zäit, wou en däerf landen a wou en nees muss fortfléien. Op der Plaz war et net einfach fir vun Dubai op Muscat ze kommen, dat war e laangen Trajet. Fir iwwer d'Grenz ze komme war net evident an de Slot, deen een dann ebe kritt, dee muss ee respektéieren, soss verléiert een en.”

play_arrow Lauschteren

Den zweete Vol mat 104 Passagéier, soll den Owend géint 19:00 Auer landen. En drëtte Fliger wier een nach amgaang ze organiséieren, esou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith.