Radioen

On air

Trendscheif  |  Eli Winter - Cracking The Jaw

play_arrow Live
search

/ Éischt Hëllefsconvoien an de Sudan zënter Méint

Welternärungsprogramm

Éischt Hëllefsconvoien an de Sudan zënter Méint

Am Sudan gëtt et déi éischt Hëllefsliwwerung zënter Méint. Dat deelt de Welternärungsprogramm mat.

auto_stories

1 min

Convoie mat Hëllefsgidder fir méi wéi 250.000 Mënsche wieren an de leschte Wochen iwwert d‘Grenz vum Nopeschland Tschad op Darfur bruecht kënne ginn.

Am Sudan herrscht zënter engem Joer Krich tëschent der Arméi an der paramilitärescher Rapid Support Forces. D‘Versuergung vun de Mënschen an Nout ass immens schwiereg. Den Ament hunn 18 Millioune Sudaneesinnen a Sudaneesen ze wéineg ze iessen.