Ënnen um Stamm vun enger klenger Eech an der Rue de Bitbourg, der Aktivitéitszon zu Hamm, hunn d’Raupe sech installéiert. Ee Bierger hat dëst bemierkt an et de Servicer vun der Stad Lëtzebuerg gemellt.
Et wier vun der Gréisst hier en Duerchschnëttsnascht, seet de Jimmy Gales. Et ewechzehuelen ass fir hien eng Saach vu Sekonnen – an eng Routine.
"Mir hunn en Tyvek, déi mir undinn. An dann hu mir eng Otemschutzmask a Latexhändschen. An da kënne mir u sech mam Staubsauger mat där extra Filtertut, déi mir hunn, sauge mir dann dat Nascht of, wat um Bam ass."
Nom Opsaugen hëlt de Jimmy Gales eng Spraydous eraus.
"Eise Sprühkleber, mat deem mir nach eng Kéier iwwer déi Plaz driwwersprayen, wou am Fong d'Nascht war, fir einfach ze evitéieren, datt déi rechtlech Brennhoer vun der Raup an der Schuel hänke bleiwen an dann nach awer kéinten trotzdeem sech weider mat der Loft verdeelen."
Favorabel Wiederconditioune fir d'Raup
D’Saison vum Eichenprozessionsspinner ass nach net eriwwer. De Jimmy Gales a seng Aarbechtskolleegen haten an deene leschte Woche quasi all Dag mat der Raup ze dinn.
De Befall wier dëst Joer extreem, erkläert hien. D’Wiederkonditiounen an deene leschte Woche ware fir d’Raupe ganz favorabel.
"D'lescht Joer, weess ech, datt mir eng 25 fort gemaach hunn. Elo si mir dann, Enn Mee, ufanks Juni, scho bei 120, bal 130. A fäerdeg si mir net. Dat läit dorunner, datt de Mee extreem dréche war, laang Deeg hannereneen."
Domat géif dee ganze Prozess vun der Raup begënschtegt ginn.
"Dat ass optimal fir d'Raup. Dat sinn optimal Konditiounen, fir datt déi Eeër eebe schlüpfen, datt et eng Raup gëtt, datt si d'Näschter kënne maachen. An doduerch hu mir och, datt esou vill Beem hannereneen op klenge Plaze befall sinn."
Geforen, déi een net direkt erkennt
Och wann esou en Nascht op den éischte Bléck relativ harmlos wierkt, dierft een d’Geforen net ënnerschätzen, wéi de Jimmy Gales ënnersträicht.
"D'Gefor ass eebe mat deene Brennhoer, déi un der Raup sinn, mat deem Nesselgëft, wann déi sech sollte verdeelen duerch d'Loft, an do kéim een a Kontakt, dat kéim zu allergesche Reaktiounen op der Haut."
Och wann et an d'Otemweeër geréit, wier dat geféierlech.
"Dat ass immens schlecht fir d'Longen. Dat kann immens geféierlech ginn, grad bei Leit, déi ufälleg sinn oder staark allergesch Reaktioune maachen."
Besonnesch op Plazen, wou vill Leit ënnerwee sinn, wéi an dësem Fall bei engem Trottoir an an der Géigend vun engem Busarrêt, awer och bei Spillplazen oder Schoulen, gräift de Service des parcs preventiv an an hëlt d’Näschter ewech.
Leit, déi esou en Nascht bemierken, réit de Jimmy Gales, hirer jeeweileger Gemeng Bescheed ze soen.
Banne Sekonne verschwënnt d’Nascht an der Rue de Bitbourg am Jimmy Gales sengem Industriestaubsauger. Um Schluss sprayt hien nach e bësse Pech op déi betraffe Plaz – a schonn ass vun de Raupen näischt méi ze gesinn.