Radioen

On air

E-Lodie  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Eenegung zur Scholdereform tëschent EU-Staaten an dem Europaparlament

Staatsscholden an Europa

Eenegung zur Scholdereform tëschent EU-Staaten an dem Europaparlament

D’Europaparlament an d’Regierunge vun den EU-Memberlänner si sech hënt iwwer nei Reegele fir d’Staatsschold eens ginn. D'Situatioun vun de Länner misst méi berücksichtegt ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer)

Hënt gouf et an der EU een Accord iwwer nei gemeinsam Reegele fir déi budgetär Defiziter an d’Staatsscholden. Vertrieder vum Europaparlament a vun den EU-Regierunge wieren zu enger Eenegung komm, huet d’EU-Rotspresidence matgedeelt.

An Zukunft soll déi individuell Situatioun vun de Länner méi ewéi bis elo berücksichtegt ginn, wann et ëm de Scholdenofbau geet. Fir héich verschëlde Länner sollen et kloer Mindestufuerderungen fir d’Réckféierung vun de Scholde ginn.

Deemno misst d’EU-Kommissioun wärend enger Iwwergangszäit bei der Berechnung vun den Efforten och den Niveau vun der Zënslaascht berücksichtegen.

D’Krittäre fir den Defizit an d’Héicht vun de Scholde bleiwe bestoen, esou wéi dat am Stabilitéitspakt virgesinn ass. Dat heescht, d’Reegel vun enger maximaler Schold vu 60 Prozent vum PIB bleift bestoen, och de Prinzip vun engem maximale Budgetsdefizit vun 3 Prozent bleift.

Wéinst der Coronakris an de Konsequenze vum Ukrainkrich goufen déi Reegelen temporär ofgesat.