arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Een Doudegen a véier Blesséierter no Explosioun zu Völklingen

Saarland

|
reading time

1 min

Een Doudegen a véier Blesséierter no Explosioun zu Völklingen

Bei enger Explosioun an der Nuecht an enger Foussgänger-Ënnerféierung zu Völklingen am Saarland ass ee Mann gestuerwen. Véier weider Männer goufe schwéier blesséiert, esou d’Police: zwee vun dëse Männer sinn a Liewensgefor.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa/BeckerBredel | BeckerBredel
(Foto: picture alliance/dpa/BeckerBredel | BeckerBredel)

D’Police geet dovun aus, datt d’Explosioun duerch “mënschlecht Handelen” ausgeléist gouf.

Méi genee Informatioune si fir de Moment net bekannt. D’Police wëllt d’Ursaach vun der Explosioun elo ermëttelen.

Kuerz no Mëtternuecht hat d’Police d’Explosioun gemellt kritt.

D’Police huet d’Ënnerféierung zu Völklingen gespaart. Et heescht, et hätt keng Gefor fir d’Populatioun ginn.

D’Police freet d’Populatioun ëm Hëllef. Op engem Portal sammelt si Informatiounen iwwer dat wat geschitt ass.