Radioen

On air

Notturno  |  Arooj Aftab - Whiskey

play_arrow Live
search

/ Een Assistenzhond am Altersheem

Gesellschaft

Een Assistenzhond am Altersheem

Een Hond ass net nëmmen en Hausdéier, mat deem ee spillt, kuschelt oder spadséiere geet. Mat enger spezieller Ausbildung kënne si och eng grouss Hëllef doheem sinn, wann ee krank oder méi al ass. Ëmmer méi dacks ginn Assistenzhënn nämlech elo Deel vun der Ekipp a Wunnstrukture fir eeler Leit.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Pebia Urban

Puzzle, esou heescht der Jeanne Bourg hire 5 Joer alen Assistenzhond. De Golden Retriever leeft an de Raum a wibbelt mat sengem Schwanz. Op sengem Programm steet haut eng Gruppenaktivitéit mat de Bewunner:inne vum Iechternacher Altersheem Belle-Vue.

De Puzzle kann Händschen a Strëmp ausdoen

Éier et un d’Aarbecht geet, muss de Puzzle awer nach eppes Bestëmmtes maachen. Hie muss jidderengem eenzel Moie soe goen. D’Bewunner:inne sëtzen am Krees a kréien een nom aneren een Duch op de Schouss. Esou kann de Puzzle mat senge Patten drop, ouni engem d’Box knaschteg ze maachen, wann hien d’Leit begréisst.

Elo ass et Zäit fir dem Puzzle säin Training. Seng Meeschtesch, d’Jeanne Bourg, erkläert, datt hien zum Beispill enger Bewunnerin d‘Händschen ausdoe kann.

"D'Leit, déi net méi esou gutt mobil sinn, do huet hien dat geléiert, fir datt hien d'Händschen ausdeet, an herno gesitt Dir och nach, hie kann och d'Strëmp ausdoen.”

Eemol d'Woch individuell Betreiung

D’Jeanne Bourg kënnt zwee Mol an der Woch mam Puzzle an d’Seniorenheem Belle-vue. Mëttwochs mécht si déi Gruppenaktivitéit zesumme mat hirem Hond. An um zweeten Dag steet déi individuell Betreiung um Programm, erkläert d’Jeanne Bourg.

"Da ginn ech déi an d'Zëmmer besiche mam Puzzle. Dat ass och ëmmer ganz flott. Hie kann och zum Beispill an d'Bett goe bei d'Leit. Da gëtt een extrat Läinduch och an d'Bett geluecht. Da kënne si hien an den Aarm huelen a léif drécken. Et ass een dee gäre geknuddelt gëtt, de Puzzle. Do ass hien dann och ëmmer frou."

Och d’Bewunner:inne freeë sech, de Puzzle all Woch ze gesinn.

"Ech si frou mat him. Et ass e léiwe Mupp. An deen ass gutt gezillt vu senger Meeschtesch. Duerfir kënnt en all Woch eng Kéier."

D'Muppen a Besëtzer:inne mussen eng Ausbildung maachen

Nodeems de Puzzle d'Strëmp an d'Händschen ausgedoen huet, geet et bei déi nächsten Übung. Elo kritt jiddereen e Reef tëscht d’Been an da geet de Puzzle doduerch. Dësen Exercice ass wichteg, fir datt d‘Muppe léieren, och duerch Plazen ze goen, wou et méi enk ass.

De Puzzle huet geléiert, duerch ee Reef ze goen. | © Pebia Urban
De Puzzle huet geléiert, duerch ee Reef ze goen. (Foto: Pebia Urban)

Lo stellt sech d’Fro: Kann all Hond dat maachen? Golden Retriever a Labradore wieren am beschte gëeegent fir Assistenzhënn ze ginn. Si mussen awer och eng extra Ausbildung maachen, seet d’Jeanne Bourg.

"Mat aacht Wochen als klenge Welpen gi si erausgesicht an da komme si an eng Famill d'accueil an do gi si annerhallef Joer laang déi éischt 30 Befeeler geléiert. Duerno komme si dann op Alençon, wou si dann eng Kéier sechs Méint an enger Educatioun sinn, wou si de Rescht Begrëffer geléiert ginn."

Wann d‘Muppe fäerdeg ausgebilt sinn, dat gi si vermëttelt u Persounen, déi sou ee Mupp brauchen.

Och den zukünftege Besëtzer vun engem Assistenzhond muss eng Ausbildung maachen. Do gehéieren ënnert anerem e mëndlechen a schrëftlechen Examen dozou.

Och fir d'Mataarbechter:innen eng Freed

Zu Iechternach am Altersheem ginn Assistenzhënn schonn zënter Joren an an aus. Net nëmmen d'Bewunner:inne freeë sech de Mupp op Besuch ze hunn. Och d’Personal wier frou, fir een Hond an der Ekipp ze hunn, seet d’Chargée de direction, Sandra Steffes. Och Mataarbechter:inne vum Altersheem bréngen hiren eegenen Hond vun Zäit zu Zäit mat.

Den Dan Katzenmeier schafft am Altersheem. Fir hien ass et dat Gefill vun Doheem, dat een Hond matbréngt, dat et sou flott mécht. Ee Mupp géif iwwerdeems hëllefen, Brécken ze bauen, oder einfach an d‘Gespréich ze kommen

Sou lues kënnt d’Gruppenaktivitéit op een Enn. De Puzzle huet déi verschidden Aufgabe mat Bravour gemeeschtert. Sou lues gëtt hien awer och midd. D’Bewunner:innen dierfen nach een nom aneren eng Händsch undoen, mat där si dem Puzzle de Pelz kënne kämmen. Elo ass et dann Zäit fir de Puzzle fir mat der Jeanne Bourg heem ze goen.

Lauschterenplay_arrow

Woubäi kënnen Assistenzhënn hëllefen?

De Luc Schwartz, President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn, huet an eiser Emissioun "Den Hallwer Néng" méi genee erkläert, wéi d'Aarbecht mat den Assistenzhënn ofleeft, a wéi hir Ausbildung finanzéiert gëtt.

De Luc Schwartz ass President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn. | © Jo Diseviscourt
De Luc Schwartz ass President vun der Amicale vun der Schoul vun den Assistenzhënn. (Foto: Jo Diseviscourt)