Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ecuador: Daniel Noboa gëtt de jéngste President an der Geschicht vum Land

Walen an Ecuador

Ecuador: Daniel Noboa gëtt de jéngste President an der Geschicht vum Land

An Ecuador huet den Daniel Noboa d‘Presidentewale gewonnen. Dee 35-Joer alen Entrepreneur gëtt domat dee jéngste President an der Geschicht vum südamerikanesche Land.

auto_stories

1 min

An der Stéchwal huet de Mëtt-Riets Politiker hie sech mat 52 Prozent géint d‘Luisa González vum lénke Bord duerchgesat.

 Den Daniel Noboa hat am Walkampf ënner anerem versprach, d‘Wirtschaft ze stäerken an Aarbechtsplaze fir Jonker ze schafen. Hie sot no senger Wal-Victoire och, hie wéilt nees Fridden hierstellen.

D‘Presidentewalen am Ecuador ware vu Gewalt markéiert. De Kandidat Fernando Villavicencio, dee gutt Chancen hat an d‘Korruptioun wollt bekämpfen, war am Walkampf op oppener Strooss erschoss ginn.