Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EZB: Leetzëns ëm weider 0,25 Prozent erhéicht

Europäesch Zentralbank

EZB: Leetzëns ëm weider 0,25 Prozent erhéicht

Déi europäesch Zentralbank huet de Leetzëns ëm weider 0,25 Prozentpunkten op elo 4,5 Prozent eropgesat. Dat ass déi 10. Zënshausse hannerteneen zanter Juli d‘lescht Joer.

auto_stories

1 min

Mat de méi héijen Zënse probéiert d‘EZB déi héich Inflatioun an de Grëff ze kréien. Doduerch ginn d‘Kreditter an d'Luucht an domat soll d‘Demande gebremst, an deemno dem héijen Inflatiounstauxen entgéint gewierkt ginn. An der lescht waren et Fuerderunge ginn, fir eng Zënspaus anzeleeën, well deier Kreditter gläichzäiteg och eng Laascht fir d‘Ekonomie sinn.

D‘EZB-Presidentin Christine Lagarde hat bei der leschter Sëtzung keng Ukënnegung gemaach, si hat all Optiounen opgelooss.

D‘EZB huet dann och bei hire Prognose festgehalen, datt déi héich Inflatioun méi lues zréckgeet, wéi erwaart. Fir dëst Joer rechent si mat engem Inflatiounstaux vu 5,6 Prozent, virdru war si nach vu 5,4 Prozent ausgaangen. Et kéint een net soen, datt d’EZB den Héichpunkt vun den Tauxen erreecht hätt, esou d’Christine Lagarde.

"Mir ginn dovun aus, datt den Zënssaz elo een Niveau erreecht huet, deen ee weesentleche Beitrag dozou leeschte wäert fir d’Inflatioun op dat Zwee-Prozent-Zil ze kréien. Déi nächst Schrëtt vun der Bank wäerten vun den Daten ofhänken."