search

/ EU seet Ukrain weidere Support zou

4. JORESDAG INVASIOUN

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

EU seet Ukrain weidere Support zou

"D’EU bleift de gréissten Donateur fir d’Ukrain", heescht et an enger Deklaratioun. De Wolodymyr Selenskyj appelléiert am EU-Parlament, de blockéierten Hëllefspak esou séier wéi méiglech fräizeschalten.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um EU-Sommet (Archiv) | © European Union
Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj um EU-Sommet (Archiv) (Foto: European Union)

D’EU bleift determinéiert, weideren Drock op Russland ze maachen, heescht et an der EU-Deklaratioun zum Joresdag haut vun der Invasioun.

De Faite, datt d’Ursula von der Leyen an den António Costa souzesoe mat eidelen Hänn op Kiew hu misse reesen, wërft ee grousse Schied op déi Visitt.

Wolodymyr Selenskyj: Finanziell Hëllef ass Sécherheetsgarantie

Ee schonn decidéierten Hëllefspak genee ewéi deen nächste Sanktiounspak géint Russland sinn den Ablack vun Ungarn blockéiert.

"Déi russesch Menace ass net méi kleng ginn", huet iwwerdeems de Wolodymyr Selenskyj um Dënschdegmoie betount. Et misst ee genee esou determinéiert wéi um Ufank sinn.

Den ukrainesche President war live an enger ausseruerdentlecher Sitzung zum Joresdag am Europaparlament bäigeschalt.

Déi blockéiert 90 Milliarden Euro wiere fir säi Land essenziell, esou och Wolodymyr Selenskyj. Si wieren eng Garantie fir d’Sécherheet an der Ukrain.

“Et ass ganz wichteg, een Datum fir den ukrainesche Bäitrëtt an d’EU ze kréien, als Deel vun engem diplomatesche Prozess fir de Krich op en Enn ze bréngen.”

Kritik un Ungarn am EU-Parlament

Vill Kritik gouf et dono an der Debatt am Parlament zu Bréissel iwwer déi ungaresch Blockad, déi vun der Slowakei mat gedroe gëtt.

"Si ënnerstëtzen den Aggresseur", esou den hollännesche Sozialist Thijs Reuten.

D’EU-Leaderen haten an hirer Deklaratioun keng Verspriechen iwwer d’EU-Memberschaft ginn. Et ginn der Ukrain Fortschrëtter bei de Reformen attestéiert an dem Land weidere Support um Wee fir an d’EU zougesot.

play_arrow Lauschteren