Radioen

On air

Notturno  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU an USA fuerderen Israel op, d'Spideeler ze verschounen

Aktuelles aus dem Noen Osten

EU an USA fuerderen Israel op, d'Spideeler ze verschounen

D‘EU appelléiert un Israel sech bei de Bombardementer an Attacken op Spideeler an der Gazasträif zréckzehalen. Dem EU-Baussebeoptraagten Josep Borrel no wier ee besuergt iwwer déi humanitär Kris am Gaza. Parallel war et den Appell un d'Hamas, d‘Spideeler an hir Patienten net als Schutzschëld ze mëssbrauchen.

auto_stories

1 min

D‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO huet vu katastrophalen Zoustänn an der Schifa Klinik geschwat. Am gréisste Spidol an der Gazasträif hale sech iwwer 2.000 leit op, dorënner vill Flüchtlingen. Fréigebuere Kanner konnten net a Couveusen, Dialyse kënne net méi assuréiert ginn. An Tëschenzäit hunn och d‘USA Israel opgefuerdert, Spideeler an hir Ëmgéigend komplett ze verschounen.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet gëschter dann och vun engem méiglechen Deal mam Hamas geschwat fir d‘Geisele fräi ze kréien. Hie misst virsiichteg bleiwen a sengen Aussoen, sou de Netanjahu: jee méi ech driwwer schwätzen, desto méi kleng gëtt d‘Chance, datt et klappt, sou den israeelesche Regierungschef.

Eventuell kéint Israel am Géigenzuch palestinensesch Mannerjäreger a Frae fräiloossen. Den Netanjahu huet awer ënnerstrach, datt et just de militäreschen Drock wier, deen zu Verhandlunge gefouert hätt.