arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Tubaks-Direktiven: Ännerunge mat Konsequenze fir Lëtzebuerg

EU-Harmoniséierung

|
reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow

EU-Tubaks-Direktiven: Ännerunge mat Konsequenze fir Lëtzebuerg

An der EU soll de Mindest-Steiersaz fir Tubak substanziell eropgoen an d'Héchstzuel vun Zigaretten, déi eng Persoun vun engem EU-Land an een anert transportéieren dierf, staark erofgoen. D'EU-Finanzministere kéinte sech haut iwwer nei Reegelen eens ginn.

reading time

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Fir Lëtzebuerg kéint et ëm vill Geld goen. Wéi vill ass den Ament schwéier auszerechnen, well bei där Reform vun den EU-Tubaks-Direktiven eng ganz Partie Derogatiounen an Iwwergankszäiten am Gespréich sinn. 

D’Europäesch Kommissioun hat zejoert am Summer eng Reform vun den EU-Tubaks-Direktive proposéiert. 

EU-Direktive sollen iwwerschafft ginn

Deem Virschlag no sollten d’Mindest-Steieren, déi an alle 27 Memberstaate gëllen, substanziell eropgesat ginn. Dernieft sollen an Zukunft och Produiten ewéi E-Zigaretten an Nikotin-Säckelcher ënner déi Direktive falen.

Fir Zigaretten an Tubak kéint den Taux ëm iwwer 100 Prozent klammen. Dat géing fir Lëtzebuerg bedeiten, datt de Präisënnerscheed mat den Nopeschlänner nach méi kleng gëtt an et manner attraktiv fir Fëmmerte kéint ginn, de Wee bis op Lëtzebuerg ze maachen. 

D’Propos gouf am Laf vun de Verhandlungen tëschent de Memberlänner ofgeschwächt. Op wéi eng Chifferen ee sech um Enn eens gëtt, ass nach net kloer.

Schweden net averstane mam proposéierten Taux fir Schnupftabak

Dem Accord muss um Enn jiddereen zoustëmmen: A Steierfroe gëllt an der Europäescher Unioun nämlech Unanimitéit.

Schwede stäipt sech awer géint eng Mindeststeier fir Nikotin-Säckelcher a refuséiert bis elo een Taux deen iwwer 20 Euro pro Kilo läit. Dat entsprécht dem aktuelle Steiersaz a Schweden.

Um Verhandlungsdësch louche bis elo Tauxe fir Nikotin-Pouches vun 30 Euro fir d’Joren 2028 an 2029, déi progressiv all Joer géingen an d’Luucht goen, bis een 2032 bei 50 Euro pro Kilo lande géif.

Substanziell Hausse fir d’Mindest-Tauxen

Och fir Tubak an Zigarette si gestaffelt Haussë virgesinn. Dobäi soll d’Tubakssteier un d’Kafkraaft vun de jeeweilege Länner ugepasst ginn. Ee Punkt, dee Lëtzebuerg kritesch gesinn huet.

Virgesinn ass zwar eng Deckelung, mee verschidde Länner wéi Frankräich oder Däitschland wiere gäre méi wäit gaangen. De Lëtzebuerger Finanzminister hat zu Lëtzebuerg widderhuelt drop higewisen, wéi wichteg d’Tubaksaccisë fir d’Staatskeess sinn.

"Déi, déi op dës Einname verzichte wëllen, déi sollen de Leit och kloer erklären, wou si déi Milliard da wëlle spueren." 

Sot de Gilles Roth am Dezember zejoert an der Chamber.

Just nach 200 Zigarette fir de perséinleche Bedarf erlaabt?

Nieft der Mindeststeier kéint sech eng aner Propos negativ op d’Staatskeess, a virun allem op den Ëmsaz op de Tankstellen, auswierken: D'Maximalzuel vun Zigaretten oder Tubak, déi ee pro Persoun vun engem EU-Land an een anert mathuelen dierf, soll erofgesat ginn.

D’Propos vun der irescher Presidence gesäit vir, datt an Zukunft just nach 200 Zigaretten amplaz den elo 800 dierfe mat iwwer d’Grenz geholl ginn. 

Finanzministère: Keng Aussoen zur Lëtzebuerger Positioun

Wéi steet Lëtzebuerg zu den aktuelle Proposen? Et wielt een dozou am Virfeld vun den Diskussioune vun haut keng Stellung huelen, huet et aus dem Finanzministère geheescht.

Déi iresch Presidence huet sech optimistesch ginn, datt haut een Accord ka fonnt ginn.

play_arrow Lauschteren