Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Rotspresident op Visitt zu Kiew

EU-Ukrain

EU-Rotspresident op Visitt zu Kiew

Den EU-Rotspresident Charles Michel ass haut an d‘Ukrain gereest, fir den 10. Joresdag vun de proeuropäesche Maidan-Protester a fir den EU-Sommet am Dezember ze preparéieren. Do wäerten d‘Memberlänner decidéieren op Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain solle lancéiert ginn oder net. 

auto_stories

1 min

De Charles Michel huet zu Kiew gewarnt, datt d‘Regierung déi politesch Schwieregkeeten an dësem Dossier net sollt ënnerschätzen. Et géif haart dru geschafft ginn, fir bis den Dezember zu enger eenheetlecher Positioun ze kommen, ma eng Partie EU-Länner hätte verlaude gelooss, datt si laang iwwert dës Fro wéilten nodenken.

Den ukrainesche President hat an engem Videomessage d‘Maidanprotester aus dem Joer 2013 als éischt Géigenoffensiv an éischt Victoire an der Ausenanersetzung mat Russland bezeechent. Haut wier aus dem Dram vun deemools Realitéit ginn, sou de Selenskyj: Et wier deemno onausweichlech, datt d‘Ukrain Member vun der Europäescher Unioun géif ginn.