Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Robyn - Missing U

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Parlament verwerft nei Reegele fir Pestiziden

EU-DIREKTIV

EU-Parlament verwerft nei Reegele fir Pestiziden

Bis 2030 just nach hallef esou vill Pestiziden asetzen, dat wollt d’Europäesch Kommissioun der Landwirtschaft virschreiwen. Déi Propos ass iwwerzunn, fënnt eng Majoritéit am Europaparlament. Et misst een de Bauere méi Zäit ginn, fir op Chimie ze verzichten, sou eent vun den Haapt-Argumenter.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Schonn d’Debatt en Dënschdeg an der Plenière hat gewisen, datt d’Meenungen iwwert déi nei Pestizid-Direktiv wäit ausenee ginn. Stonnelaang gouf am Parlament iwwert honnerte vun Amendementer ofgestëmmt. Um Enn huet eng Majoritéit géint eng nei Pestizid-Direktiv gestëmmt.

„Ein schwarzer Tag für die Umwelt und für die Gesundheit und die Gesellschaft und für die Befreiung der Landwirte von der Agro-Industrie.“

Dat huet déi enttäuscht an iwwerrascht Rapportrice Sarah Wiener vun den éisträichesche Gréngen nom Vott festgestallt.

Géigner vu méi strenge Reegele setze sech duerch

D’Géigner vu méi strenge Reegele fir den Asaz vu Pestizide komme virun allem aus de Reie vun de Chrëschtdemokraten a vum extrem rietse Bord am Parlament. Si hu sech des Kéier am Géigesaz zum Vott vru kuerzem iwwert dat ëmstriddent Renaturéierungs-Gesetz an deem genee esou ëmstriddenen Enn vum Verbrenner-Moteur duerchgesat.

Nach en Dënschdeg hat ee vun hire Spriecher, den Alexander Bernhuber un ee Kompromëss gegleeft.

"Ich bin überzeugt, wir können das nur schaffen, wenn wir das wirklich Hand in Hand machen, wo wir die Landwirte mit beteiligen, wo wir schauen, dass wir auch hier im Haus im Europäischen Parlament eine breite Mehrheit für einen vernünftigen Vorschlag schaffen.“

D’Virstellungen iwwert dee Kompromëss awer louche méi wäit ausenee wéi Uganks ugeholl. Nodeems d’Kritiker et mat hiren Amendementer gepackt haten, d’Ziler däitlech erofzesetzen, hunn d’Fraktioune vun déi Gréng, déi Lenk a grouss Deeler vun de Sozialiste géint déi an hiren Aen ze staark ofgeschwächte Versioun vum Gesetzestext gestëmmt.

Parlaments-Text definitiv vum Dësch

Si wollten en nach eng Kéier op de Leescht huelen - dat awer gouf vun der Géigefraktioun verhënnert, erkläert d'Tilly Metz.

„Dat en Text rejetéiert gëtt, dat kennt vir, meeschtens geet en dann an déi respektiv Kommissioun, an dësem Fall d’Ëmweltkommissioun zeréck. Mee esou guer dat ass rejetéiert ginn, dat ass eng ganz rar Situatioun. Dofir ass d’Zukunft ongewëss.“

Fir déi Lëtzebuerger Gréng ass et eng Defaite fir Mënsch an Ëmwelt, wann elo keng europäesch Ziler fir d’Reduktioun vun de Pestizide festgehale ginn.

Wéi geet et elo virun?

Kommissioun kéint hir Propos zeréckzéien. D’Memberlänner sinn am gaangen, hir Positioun ze definéieren, mee ouni d’Parlament kann déi Direktiv net ëmgesat ginn.

„Et ka lo ganz gutt sinn, datt d’Kommissioun den Text ganz zeréck zitt a seet, majo ech gesinn, datt do keng politesch Volontéit ass vun enger Majoritéit fir iwwerhaapt iwwer Pestizidereduktioun ze schwätzen“, sou d’Tilly Metz.

Gutt méiglech also dat virun den Europawalen d’nächst Joer näischt méi geschitt.

Et wier gutt datt déi iwwerdriwwe Propos vum fréiere Vizepresident vun der Kommissioun Frans Timmermans elo vum Parlament refuséiert gouf sou de Commentaire vum Peter Liese vun der däitscher CDU. Elo kéint an där nächster Legislaturperiod een neit Konzept ausgeschafft ginn. 

Lauschterenplay_arrow