Stroum, deen aus der Kraaft vu Wand staamt, mécht den Ament just 16 Prozent vum ganzen Elektreschen an der EU aus. Verschidde Länner leien do däitlech driwwer, ewéi Dänemark mat 55 Prozent. Anerer si largement drënner, ewéi Lëtzebuerg, wou d’Wandenergie 2022 knapps fënnef Prozent vum nationale Verbrauch ofgedeckt huet.
Stroumproduktioun aus Wand muss méi ewéi verduebelt ginn
Déi fir d’Energie zoustänneg EU-Kommissärin Kadri Simson betount ënner anerem d’Relevanz vun der Wandenergie.
„Fir dat europäescht Zil ze erreeche mussen déi Erneierbar Energië staark zouhuelen an d’Wandenergie muss do signifikant dozou bäidroen“
Eng Leeschtung vu 420 Gigawatt aus Wandenergie bis 2030 wier néideg, seet Windeurope, d’Daachorganisatioun vun de Wand-Energie-Entreprisen. Den Ament bréngt d’EU et mat 200 Gigawatt net emol op d’Hallschent dovun.
An der EU ass den Undeel u Wandkraaft am Energiemix an der Lescht manner séier geklommen, wéi op anere Plazen op der Welt. "Bannent zwee Joer huet d’EU hir 1. Plaz als gréisste Marché fir Wandenergie un den Asien-Pazifik-Raum ofginn“, beklot d’EU-Kommissärin. Wat ass geschitt?
Administrativ Hürde stinn am Wee
„De Secteur steet viru seriöen Erausfuerderungen“, beklot de Vizepresident vun der Kommissioun, de Maros Sefkovic. Dozou gehéieren ze laang Autorisatiounsprozeduren, den Accès zu Matière Première, d’Inflatioun, an ze mann Fachleit um Aarbechtsmaart.
Virun allem op déi laang administrativ Weeër haten d’Frënn vun den Erneierbaren, wéi sech eng Parti EU-Länner nennen, e Sonndeg an engem Bréif un d’Kommissioun higewisen. Lëtzebuerg gehéiert dozou, nieft Däitschland, Éisträich oder Belsch.
Digitalen Tool fir méi kuerz Prozeduren
Op een Deel vun hire Fuerderunge wëll d’Kommissioun elo agoen. Et dauert deels bis zu zéng Joer, bis eng Wandanlag am Mier geneemegt ass. Eng méi staark Digitaliséierung soll et de Länner méi einfach maachen an d’Zäit verkierzen.
„D’Kommissioun wäert ee speziellt Instrument dofir op d’Bee setzen“, erkläert d’Kadri Simson. Entreprisë sollen och méi ee liichten Accès op Finanzéierunge bei der Europäescher Investitiounsbank kréien. Och d’Critèrë fir d’Ausschreiwunge sollen erweidert ginn: an Zukunft dierft do net nëmmen de Präis, mee och aner Facteure wéi d’Nohaltegkeet oder den Ëmweltschutz berécksiichteg ginn.
Keng verbindlech Mesuren
Datt d’Kommissioun keng verbindlech Reegele presentéiert, huet direkt fir Kritik gesuergt, wéi déi vum Michael Bloss, Europadeputéierte vun den däitsche Gréngen.
"Es ist ein Flickenteppich an Massnahmen, hier wird nicht auf der Ebene von Gesetzestexten irgend etwas geändert. Damit gewinnt man dieses Wettrennen um die Zukunftstechnologien nicht.”
D’Kommissioun awer setzt op d’Memberlänner an d’Industrie - si sinn invitéiert d’EU-Charta vun der Wandenergie ze ënnerschreiwe mam Zil d’Investitiounen eropzesetzen an d’Kapazitéiten europawäit auszebauen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.