Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ EU-Kommissioun setzt 2025 de Schwéierpunkt op Wirtschaftspolitik

AARBECHTSPROGRAMM FIR 2025

EU-Kommissioun setzt 2025 de Schwéierpunkt op Wirtschaftspolitik

An hirem Aarbechtsprogramm fir 2025 konzentréiert sech d'Kommissioun virun allem drop, d'Ekonomie unzekuerbelen an d'Bürokratie ofzebauen. Verschidde Klimaschutzgesetzer sollen op de Leescht geholl ginn.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

Europäesch Kommissioun | © picture alliance / Winfried Rothermel play_arrow
Europäesch Kommissioun (Foto: picture alliance / Winfried Rothermel)

Eng méi effikass an eng méi einfach Wirtschaftspolitik: Fir d’Europäesch Kommissioun steet d’Joer 2025 am Zeeche vum Bürokratie-Ofbau. D’Bréisseler Institutioun huet e Mëttwoch hiren Aarbechtsprogramm fir dëst Joer virgestallt. Verschiddener liesen doraus een Zeréckruddere bei de Klimaziler. 

Effektiv huet sech d’Rhetorik zu Bréissel geännert: D’Wirtschaft stäerken, d’EU méi kompetitiv maachen - dat war e Mëttwoch den Haaptmessage.

Simplificatioun "wéi et se nach ni gouf"

Ee ganze Coup Virschléi dréine ronderëm dat, wat een ënnert “Simplification administrative” versteet - et ass och dat, wat gëschter vun de Kommissären, déi dee Programm presentéiert hunn am meeschte betount gouf.

60 Prozent vun den Entreprisen an der EU géingen europäesch Regulatiounen als Obstakel ugesinn - do misst een usetzen, huet et gëscht geheescht. Hinne soll d’Liewe méi einfach gemaach ginn, et sollt een sech op eng Simplificatioun gefaasst maachen, wéi et se nach ni gouf sou d’Annonce gëscht vun der Kommissioun.

Ass dat als Attack op de "Green Deal" ze verstoen?

Op déi Fro kann een eréischt äntweren, wann d’Texter um Dësch leien. Dat ass bis elo net de Fall.

D’Kommissioun huet annoncéiert, ënnert der Iwwerschrëft “Omnibus” eng Partie Gesetzer ronderëm de Klimaschutz oder eng méi gréng Ekonomie op de Leescht ze huelen. Et gëtt dozou verschidde Leaken, wourop sech d’Kritik, déi vu verschiddene Säite koum, bezitt.

Déi geleakten Texter deiten effektiv op ee Labbere vun de Reegelen hin. Zum Beispill, wat déi sou genannten Taxonomie ugeet, déi de Kader fir gréng Investitioune setzt. Oder awer d’Liwwerkettegesetz, iwwert dat jo och zu Lëtzebuerg vill diskutéiert gouf.

Wéi gouf de Programm vun der Kommissioun am EU-Parlament opgeholl?

Et gouf ganz positiv Reaktioun an där gréisster Fraktioun am Parlament, der Europäescher Vollekspartei. D’EVP setzt sech scho méi laang dofir an, datt een déi Klimaschutzgesetzer méi pragmatesch soll ugoen, a fuerdert deementspriechend Nobesserungen.

D’Sozialiste soen iwwerdeems: Simplificatioun jo, awer op kee Fall eng Dereguléierung. Si soe sech prett, mat op de Wee vu méi einfache Reegelen ze goen, awer net op dee vun enger Verwässerung vu Reegelen. Déi Gréng da ware méi kritesch, si hunn de Programm “simplistesch” genannt am Sënn vun “ouni Visiounen”.

Um ganz rietse Bord gëtt déi nei Richtung och begréisst. Deene Parteie geet dat éischter net wäit genuch. Si schwätze vu verréckten Decisiounen a Saache Klimaschutz an där leschter Legislaturperiod a si fuerdere carrement datt de Green Deal ganz suspendéiert soll ginn.

EU-Kommissioun: Et ass keng "Dereguléierung" geplangt

D’Vertrieder:inne vun der Kommissioun si net midd ginn, ze betounen, datt d’Klimaziler weider bäibehale ginn, datt dorun näischt verännert gëtt. Et wier wichteg, elo verschidde Gesetzer op de Leescht ze huelen, well een elo besser wéisst, wou Problemer bei der Ëmsetzung leien. Dat Ganzt hätt mat Dereguléierung näischt ze dinn.

Direktiv fir gläichen Traitement zeréckgezunn

Et ass interessant ze kucken, wat net geplangt oder net méi geplangt ass.

Dat suergt scho fir Kritik. D’Direktive fir ee gläichen Traitement, déi sollt Diskriminéierungen ofbauen, déi gouf elo no 16 Joer ganz zeréckgezunn. Doriwwer gëtt zanter Jore verhandelt. Elo ass se vum Dësch. Dat ass sécher fir all déi, déi sech zanter Joren dofir asetzen, eng batter Enttäuschung.

Interessant ass och, wat guer net op den Dësch kënnt: Eng Partie Legislatioune ronderëm den Déiereschutz, fir déi sech an enger Europäescher Biergerinitiativ iwwert eng Millioun Leit staark gemaach hunn, an déi och versprach gi war, sinn och net am Programm dran. Dat wäert sécher och nach fir Kritik suergen.

Lauschterenplay_arrow