Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ EU-Kommissioun rechent mat klenger Croissance vum PIB

Wirtschaft

EU-Kommissioun rechent mat klenger Croissance vum PIB

De PIB zu Lëtzebuerg dierft dëst Joer net staark klammen. De Previsioune vun der EU-Kommissioun no soll et eng Croissance vun 1,4 Prozent ginn.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

2025 soll et dann nees eng méi staark Erhéijung vun 2,3 Prozent ginn. An der Eurozon gëtt iwwerdeems mat enger Croissance vun 0,8 Prozent gerechent. 

Wat d‘Croissance an der Eurozon ugeet bleift Bréissel dobäi, datt déi, trotz de villen Ongewëssheeten, wäert ëm 0,8 Prozent klammen. Domat gouf déi éischt Estimatioun also confirméiert.

Am éischten Trimester dëst Joer ass de PIB an der Eurozon ëm 0,3 Prozent par rapport zum Trimester virdrun an d‘Luucht gaangen.