De Luxair-Direkter Gilles Feith sot Mëtt leschte Mount bei eis op der Antenn, datt een hei am Land fir déi éischt zwee Trimester genuch Kerosin op Stock hätt. Am drëtten an am véierten Trimester géifen d'Reserven dann awer erof goen.
D‘lescht Woch hat d‘Associatioun vun den europäesche Flughäfen hirersäits virun enger "systeemescher Penurie" beim Kerosin gewarnt, wann den Trafic iwwert d‘Strooss vun Hormus net bis Enn Abrëll erëm normal géif funktionéieren.
Ronn 20 Prozent vum weltwäite Kerosin gëtt normalerweis iwwert de Mierespassage geliwwert. Wéinst dem Konflikt ronderëm d‘Strooss vun Hormus sinn d‘Präisser fir de Kerosin an d‘Luucht gaangen – méi staark nach wéi déi vum Pëtrol.