De Regimm vun de Staatsbäihëllefe soll et erlaben, datt d’Memberlänner verschidden Industrië méi héich Ënnerstëtzungen zoukomme loossen.
Konkret soll de Regimm vun de Staatsbäihëllefe geännert ginn an Entreprisen indirekt vun de Käschte vum CO2-Emissiounshandel entlaascht ginn.
D’Präisser fir CO2-Certificate sinn nämlech an de leschte Joren an d’Luucht gaangen. Duerch déi Certificate kënne Entreprisen hir héich Emissioune vun Zäregase kompenséieren, respektiv sech Rechter fir Emissiounen am Kader vum Emissiounshandel kafen.
Ofwandere vun Entreprisen aus der EU verhënneren
Well de Präis an d’Luucht gaangen ass, bestéing d’Gefor, datt méi energieintensiv Industriesecteuren hir Produktioun a Länner baussen der EU verleeën, esou d’Kommissioun. Et misst een och fäerten, datt klimaschiedlech Importer EU-Produiten ersetzen.
Géing dat geschéien, géing engersäits d’Kompetitivitéit vun der EU ofhuelen an anerersäits d’CO2-Emissiounen, global gesinn, net ofhuelen.
D’Ausnamen, fir méi héich staatlech Subventiounen, solle fir Industrië gëllen, déi besonnesch vill Stroum verbrauchen an um internationale Marché Konkurrenz hunn.
20 weider Secteure solle kënne subventionéiert ginn
Konkret setzt d’Kommissioun 20 weider Secteuren op d’Lescht vun deenen, déi dierfe Subside kréien. Dorënner falen ënner anerem d’Porzeläin-, Glas- a Batterie-Industrien. Fir Secteuren, wou schonn elo Subventiounen erlaabt waren, gëtt de maximalen Zouschoss vu 75 op 80 Prozent vun den indirekte Stroumkäschten erop.
D’EU-Länner kënnen och selwer proposéieren, weider Secteuren dobäi ze setzen, wa se beweise kënnen, datt bei hinnen de Risk besteet, datt d’Produktioun verluecht gëtt.