arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dänesch EU-Presidence: Ouni Atomkraaft geet et net

ATOMKRAAFT - NEE MERCI?

|
headphones

5 min

headphones

7 min

play_arrow

Dänesch EU-Presidence: Ouni Atomkraaft geet et net

Dänemark zielt traditionell zu den Atomkraaftgéigner. Mee am Land vun “Atomkraft - nej tak” kéint de Wand sech ze dréinen. Esou wuel den däneschen Energieminister, ewéi den EU-Kommissär soen, datt d’EU d’Atomenergie brauch, fir klimaneutral ze ginn.  

headphones

5 min

headphones

7 min

play_arrow
Et war zu Aarhus, wou 1975 d’Studentin Anne Lund de Logo mat der frëndlecher rouder Sonn op knallgielem Hannergrond entworf huet. | © Danièle Weber
Et war zu Aarhus, wou 1975 d’Studentin Anne Lund de Logo mat der frëndlecher rouder Sonn op knallgielem Hannergrond entworf huet. (Foto: Danièle Weber)

Dänemark ass zweiwellos ee Pionéier, wann et em erneierbar Energië geet. Scho Mëtt de 1970er Joren ass hei dat éischt grousst Wandrad un d’Netz gaangen.

Aarhus: Gréisst geothermesch Anlag an Europa

Haut setzt d’Land ënner anerem op Geothermie.

Zu Aarhus, där zweet gréisster Stad am Land, gëtt am Ablack un där gréisster geothermescher Anlag an Europa gebaut.

Den EU-Kommissär fir d’Energie, den Dan Jørgensen, ass extra fir d’Presentatioun vum Projet op de Site vun der Firma Innargi zu Skejby am Norde vun Aarhus komm. De fréieren däneschen Energieminister seet eng grouss Zukunft fir d’Geothermie viraus.

"Mir wëssen, datt 20 Prozent vun de gréissere Stied an der EU d’Potential hunn, dat nämmlecht ze maachen. An Zäite, wou ee verzweifelt no Energiesource sicht, déi eis méi onofhängeg vu fossiller Energie maachen, ass dat eng extrem gutt Nouvelle."

1975: Zu Aarhus entwërft eng Studentin de berüümten Anti-Atom-Logo

Et war och zu Aarhus, wou 1975 d’Studentin Anne Lund de Logo mat der frëndlecher rouder Sonn op knallgielem Hannergrond entworf huet, ronderëm deen an der Originalversioun "Atomkraft? Nej Tak" - "Atomkraaft? Nee merci" stoung.

De Logo huet de Wee bis an de Musée "Den Gamle By" fonnt, wou net ouni Stolz op déi dänesch Anti-Atombeweegung zeréckgekuckt gëtt.  

1985 huet dat dänescht Parlament eng Resolutioun gestëmmt, déi de Bau vun Atomkraaftwierker am Land verbitt. Un déi Zäit vun deemools kënne sech d’Kirsten an de Karl gutt erënneren. Si waren dee leschten Donneschdeg fir den Optakt vun der dänescher EU-Presidence als Deel vun de “Grand parents for Climate” op der Strooss ënnerwee.

"Majo op alle Fall!", äntwerten si ouni ze zécken op d’Fro, ob se nach gëtt, d’Anti-Atombeweegung an Dänemark.

© Danièle Weber
(Foto: Danièle Weber)

Dänesch Regierung oneens iwwer Atomenergie

Allerdéngs sinn an der aktueller Regierungskoalitioun zwou vun dräi Parteien op dofir, dee Verbuet vun 1985 réckgängeg ze maachen. Keng gutt Iddi fannen d’Kirsten an de Karl.

"Mir brauche keng Atomkraaft. Si ass ze deier. Mir hoffen d’Regierung halt doru fest."

Déi nämmlecht Regierung huet bis elo an der EU - genee ewéi déi Lëtzebuerger - zu deene gezielt, déi der Atomkraaft kritesch géintiwwer stinn.

Däneschen Energieminister: EU-Presidence mécht kee Choix

Frankräich mécht massiv fir den Nucléaire mobil. Wéi wäert sech deem géintiwwer den däneschen Energieminister an den EU-Sitzunge behuelen, déi hien an de nächste sechs Méint presidéiert? Den Energieminister Lars Aagard äntwert diplomatesch.

"D’Roll vun der EU-Presidence ass net déi, ee Choix ze maachen, mee d’Versteesdemech fir déi Solutiounen ze weisen, déi mir brauchen."

Hie seet awer och ganz kloer: Och wa Solar- a Wandenergie eng méi grouss Roll spille wäerten, kënnt d’EU net ouni Atomenergie aus, um Wee bis bei d’Klimaneutralitéit.

"Mir brauchen eng Kombinatioun vun Technologien. Atomkraaft muss een Deel dovu sinn."

EU-Kommissär Jørgensen: Atomkraaft ass Deel vun der EU-Strategie

Den EU-Kommissär, den Dan Jørgensen war vun 2029 bis 2024 Energieminister vun Dänemark an huet zesumme mam deemolege Lëtzebuerger Minister Claude Turmes sou munch Schluecht géint den Nucléaire op EU-Niveau geschloen.

Elo ass awer och hie méi nuancéiert.

"Atomkraaft ass a bleift Deel vun eiser Strategie an Europa."

Bis 2050 wäert hir Produktioun an der EU net of-, mee ëm 10 Prozent zouhuelen. Dat seet eng Previsioun vun der Kommissioun, déi dem Jørgensen säi Bureau leschte Mount publizéiert huet.

E Boom wäert wuel ausbleiwen an der EU. Dat huet virun allem ee Grond: Et ass ëmmer nach net rentabel, Atomkraaftwierker ze bauen. Derbäi kënnt, datt et an der Reegel 10 Joer dauert, bis esou eng Anlag Stroum produzéiert.

"De Maart wäert decidéieren", hält um Enn den däneschen Energieminister fest. An: “Perséinlech denken ech, datt aus deem Grond erneierbar Energien dominant wäerte sinn.”

Geothermie zu Lëtzebuerg? Misst méiglech sinn, esou een Expert

Nei Pisten ewéi d’Geothermie kéinten Deel vun der Léisung sinn. Och zu Lëtzebuerg? D’Fro un den Expert vun Innargi, der Entreprise, déi de Projet zu Aarhus leet.

"Jo, dat misst méiglech sinn, vun der Geologie hier. Virausgesat, et gëtt e Reseau fir d’Distributioun vun där Energie."

Och hei huet Dänemark gewisen, datt et geet. D’Land huet dee Reseau opgebaut an zwee Drëttel vun de Stéit ginn aktuell duerch sougenannte Fernwärme gehëtzt. 

 

play_arrow Lauschteren