Radioen

On air

Notturno  |  Little Tybee - Lost In The Field

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Glyphosat: Autorisatioun kéint ëm zéng Joer verlängert ginn

EUROPÄESCH KOMMISSIOUN

Glyphosat: Autorisatioun kéint ëm zéng Joer verlängert ginn

D’EU-Kommissioun proposéiert, den ëmstriddenen Herbizid Glyphosat an der EU bis 2033 zouzeloossen. Mëtt Oktober sollen déi 27 EU-Memberlänner doriwwer ofstëmmen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Glyphosat | © Bigstock play_arrow
Dat neit Reglement géif fir déi ganz EU gëllen. (Foto: Bigstock)

D’Europäesch Kommissioun huet dozou e Mëttwoch eng entspriechend Propose publizéiert. E Freideg ass eng Diskussioun ënnert de Memberlänner virgesinn.

Propos baséiert op EFSA-Etüd

D’Propos vun der Kommissioun baséiert op enger Analys, déi vun der europäescher Agence fir Liewensmëttelsécherheet publizéiert gouf, fir déi d’Wëssenschaftler iwwer 2.000 Etuden evaluéiert hunn, wéi de Kommissiounsspriecher Stephan de Keersmaecker erkläert.

“EFSA a fait une évaluation de glyphosate qui démontre que l’impacte de glyphosate sur la santé ne suscite pas d’inquiétude.”

Allerdéngs:

“Nous avons identifiés dans notre proposition quelques conditions strictes qui doivent être respectées.”

Déi wëssenschaftlech Donnéeë sinn nämlech net komplett a weisen och a verschiddene Beräicher op Problemer hin.

Den Asaz soll limitéiert ginn

Dozou gehéiert d’Gefor fir gewëss kleng Mamendéieren, déi sech vu Planzen ernären, d’Gefor, datt den Herbizid duerch d’Loft op Nopeschfelder iwwerdroe gëtt oder awer eng méiglech Belaaschtung vum Grondwaasser. D’Memberlänner misste bei hiren nationalen Autorisatiounen den Asaz vu Glyphosat entspriechend aschränken, heescht et an der Propose vun der Kommissioun.

Memberlänner mussen national tranchéieren

D’Memberlänner si sech net eens an där Fro. Lëtzebuerg hat als éischt EU-Land den Asaz vu Glyphosat verbueden. Dee Verbuet war am Juli 2022 vum Verwaltungsgeriicht opgehuewe ginn. Och Frankräich hat zum Deel ee Verbuet ausgeschwat a steet dem Herbizid kritesch géintiwwer.

Dat neit Reglement géif fir déi ganz EU gëllen. Et gesäit awer och d’Méiglechkeet vir, datt ee Memberland keng Autorisatioun erausgëtt. Dat muss allerdéngs justifiéiert ginn, esou ee Mataarbechter vun der Kommissioun.

Ënnerschiddlech Reaktiounen am Europaparlament

Éischt Reaktiounen am Europaparlament sinn ënnerschiddlech ausgefall. Déi gréng hunn op een Neits een Appell lancéiert, Glyphosat an der EU ganz ze verbidden. Glyphosat géif net gebraucht gi fir eng produktiv Landwirtschaft, sou d’Europadeputéiert Tilly Metz an engem Communiqué.

D’Verlängerung vun der Autorisatioun wier ee wichtege Schratt fir d’Landwirtschaft. Et géif aus wëssenschaftlecher Siicht näischt dogéint schwätzen, fënnt iwwerdeems de Chef vun der Agrarkommissioun am Parlament, den däitschen CDU-Politiker Norbert Lins.

Lauschterenplay_arrow