arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun: Bulgarie kann Euro aféieren

Gemeinschaftswärung

|
headphones

1 min

EU-Kommissioun: Bulgarie kann Euro aféieren

Den EU-Memberstaat Bulgarien erfëllt d’Krittäre fir d’Gemeinschaftswärung Euro anzeféieren, esou d’EU-Kommissioun. Dat gouf um Mëttwoch zu Bréissel matgedeelt.

headphones

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Bulgarie wëllt seng Wärung Lew den 1. Januar 2026 mam Euro ersetzen.

Och der Europäescher Zentralbank (EZB) no, ass Bulgarie fit fir den Euro.

D’Land um Balkan ass zënter 2007 Member vun der Europäescher Unioun a wier den 21. Member vun der Eurozon.

A Bulgarie ginn et Protester géint d’Aféierung vum Euro. Gefaart gi méi héich Präisser duerch den Euro.

Bäitrëtt war scho fir 2024 geplangt

Fir den Euro-Bäitrëtt musse bestëmmte Krittären erfëllt sinn: Dozou gehéieren d’Präisstabilitéit, zolidd ëffentlech Finanzen a stabil Wiesselcoursen.

Eigentlech war d’Euro-Aféierung a Bulgarie scho fir 2024 geplangt. Wéinst ënner anerem der héijer Inflatioun war de Bäitrëtt verréckelt ginn.

Bulgarie gehéiert zu den äermsten EU-Staaten an hat 2024 den niddregste PIB pro Awunner an der Europäescher Unioun.