Leit, déi keen Asyl kruten an déi ee Risiko fir d’Sécherheet wieren, misste méi konsequent an hir Heemechtslänner zeréckgeschéckt ginn, esou den Appell vun zwee EU-Kommissären dëse Mëttwoch. Haut um Donneschden diskutéieren d’EU-Inneministeren op hirer Reunioun um Kierchbierg doriwwer.
Den Appell ass awer net nei an e kënnt reegelméisseg no terroristeschen Attacken. "Mir mussen eis Efforte verstäerke fir Leit an hir Heemechtslänner zeréckzeschécken.", esou d’EU-Kommissärin fir d’Migratioun, d’Ylva Johansson.
De presuméierten Täter, deen e Méindeg zwee schwedesch Fussballsupporter zu Bréissel erschoss huet, kënnt aus Tunesien. Hien hat eng Asyldemande gemaach, déi refuséiert gouf. Trotzdeem ass hien am Land bliwwen.
Asyl-Demandeuren zeréckschécken: méi einfach gesot wéi gemaach
D’Europäesch Kommissioun huet eng iwwerschaffte Versioun vun der Direktive fir Retoure virgeluecht. Doriwwer gëtt et den Ament nach keng Positioun vum Europaparlament. Dat géing, sou de Vizepresident vun der Kommissioun, den Margaritis Schinas, den Dossier ophalen.
“Mir hunn déi Propos gemaach fir Leit, déi ee Sécherheets-Hannergrond hunn, vun deene mir unhuelen, datt se zeréckgoe mussen. Déi zwee Ugräifer an der Belsch an a Frankräich haten dee Profil. Mir brauchen net méi Beweiser dofir, datt eis Propos richteg war an dat scho gëschter hätt missen ëmgesat ginn.”
Deenen neie Reegelen no wier et fir d’EU-Länner obligatoresch Leit, deenen hir Asylufro refuséiert gouf, an hirt Heemechtsland zeréckzeschécken. Allerdéngs weess och d’Kommissioun, datt et vill Problemer beim Zeréckschécke vun ofgewisenen Asyldemandeure gëtt. Engersäits wëssen d’Autoritéiten dacks net, wou se sech ophalen, an anerersäits weigere sech d'Hierkonftslänner dacks se nees opzehuelen. D’Ylva Johansson nennt déi aktuell Zuelen:
"All Joer gi 400.000 Migranten ofgewisen. Dëst Joer sinn der bis elo 65.000 effektiv zeréckgeschéckt ginn."
D’EU-Länner hätten awer an der Lescht méi Efforte gemaach: zejoert wier d’Zuel vun de Retouren an der EU ëm 20 Prozent eropgaangen, sou déi schweedesch EU-Kommissärin.
Méi streng Reegele beim Visa
D’Kommissioun wëll och op engem anere Feld méi aktiv ginn: dat betrëfft d’Länner, aus deene Leit ouni Visa an d’EU areese kennen. Den Ament sinn dat der 63. Geet et der Kommissioun no sollen d’Reegelen hei méi streng ginn.
D’Lescht Joer sinn der Kommissioun no an der EU 150,000 Asyldemandë vu Leit gemaach ginn, déi aus visa-fräie Länner koumen. "Dat ass net wéi visafräit Reesen sollt genotzt ginn.", sou d’Ylva Johannsson.
Flüchltingsorganisatiounen allerdengs hun ëmmer nees drop opmierksam gemaach, datt dat eng vun de wéinege legalen Méiglechkeeten ass, an d’EU anzereesen.